Michelangelo Antonioni
| Michelangelo Antonioni | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
29. September 1912 Ferrara |
| Gestuerwen |
30. Juli 2007 Roum |
| Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
| Educatioun |
Universitéit vu Bologna, Centro Sperimentale di Cinematografia |
| Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Filmproduzent, Moler, Dichter, Regisseur, Auteur, Schrëftsteller, Filmdréibuchauteur, Produzent |
| Auteursrechter | Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt |
| Gielercher | Gëllene Léiw, David Luchino Visconti, Éierenoscar, Gëllene Bier, Palme d'or, Cavaliere di Gran Croce Ordine al Merito della Repubblica Italiana, Europäesche Filmpräis fir d'Liewenswierk, Chevalier vun der Légion d'honneur, Ordre des Arts et des Lettres |
| Famill | |
| Bestuet mat | Enrica Fico (1.1.1986–1.1.2007) |
| Liewenspartner(in) | Monica Vitti |
|
| |
De Michelangelo Antonioni, gebuer den 29. September 1912 zu Ferrara an Italien, a gestuerwen den 30. Juli 2007 zu Roum, war en italieenesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmediteur.
Dem Antonioni seng Filmer L'avventura a La notte, zwéi schwaarz-wäiss Filmer, si bei de Filmkritiker héich gelueft ginn. Duerno huet e mat Il deserto rosso e Film gemaach, deen a wonnerbare Faarwe gedréint ass, obschonn en eng Welt weist déi duerch d'Industrie an aner Aflëss ëmmer méi verknascht.
Nom Succès vum Film Blow-Up huet hien an den USA de Film Zabriskie Point gedréint, dee bei de Kritiker a bei de Spectateuren duerchgefall ass.
Zanter 1985 war den Antonioni no engem Hiereschlag deelweis geläämt a konnt net méi schwätzen. Staark behënnert huet hien duerno nach just Kuerzfilmer an, mat Hëllef vum Wim Wenders, ee Laangfilm gedréint.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]Laangfilmer
[änneren | Quelltext änneren]- Cronaca di un amore (1950), Acteuren: Lucia Bosé a Massimo Girotti
- I vinti (1952), Acteuren: Patrick Barr a Etchika Chourean
- La signora senza camelie (1953), Acteuren: Lucia Bosé an Gino Cervi
- L'amore in citta Folleg: Tentato Suicido (1953), Acteuren: Rita Josa a Lilia Nardi
- Le amiche (1955), Acteuren: Eleonoar Rossi Drago a Gabriele Ferzetti
- Il grido (1957), Acteuren: Steve Cochran an Alida Valli
- L'avventura (1960), Acteuren: Gabriele Ferzetti a Monica Vitti
- La notte (1961), Acteuren: Jeanne Moreau, Marcello Mastroianni a Monica Vitti
- L'eclisse (1962), Acteuren: Monica Vitti an Alain Delon
- Il deserto rosso (1964), Acteuren: Monica Vitti a Richard Harris
- I tre volti Folleg: Il provino (1965), Acteuren: Soroya an Dino de Laurentiis
- Blow-Up (1966), Acteuren: Vanessa Redgrave a Sarah Miles
- Zabriskie Point (1970), Acteuren: Mark Frechette a Rod Taylor
- Chung Kuo (1972) (Dokumentarfilm)
- Professione Reporter (1975), Acteuren: Jack Nicholson a Maria Schneider
- Il Mistero di Oberwald (1980), Acteuren: Monica Vitti
- Identificazione di una donna (1982), Acteuren: Tomás Milián a Christine Boisson
- 12 registi per 12 citta Folleg: Roma (1989) (Dokumentarfilm)
- Al di là delle nuvole (Beyond the Clouds) (1995) (zesumme mam Wim Wenders), Acteuren: Fanny Ardant a Sophie Marceau
- Eros, Sketch: Il filo pericoloso delle cose (2001), Acteuren: Christopher Buchholz
Kuerzfilmer
[änneren | Quelltext änneren]- Gente del Po (1943)
- Nettezza urbana (1948)
- Oltre L'oblio (1948)
- Roma-Montevideo (1948)
- L'Amorosa menzogna (1949)
- Sette cani e un vestito (1949)
- Bomarzo (1949)
- Ragazze in Bianco (1949)
- Superstizione (1949)
- La villa dei mostri (1950)
- La Funivia del Faloria (1950)
- Kumbha Mela (1989)
- Noto, Mandorli, Vulcano, Stromboli, Carnevale (1993)
- Lo sguardo di Michelangelo (2004)
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1960: Präis vun der Jury um Filmfestival vu Cannes fir L'Avventura
- 1961: Gëllene Bier fir de beschte Film op der Berlinale fir La Notte
- 1962: Spezialpräis vun der Jury um Festival vu Cannes fir L'Eclisse
- 1964: Gëllene Léiw fir Il deserto rosso op der Mostra zu Venedeg
- 1967: Palme d'or um Filmfestival vu Cannes fir de Film Blow-Up
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Michelangelo Antonioni – Biller, Videoen oder Audiodateien |
