Microcleidus melusinae

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Microcleidus melusinae ass eng ausgestuerwe Plesiosaurieraart aus der Gattung Microcleidus.[1]

Et ass e Reptil aus dem Toarcium, dat viru ronn 185 Millioune Joer ënner Waasser gelieft huet, a sech vu Fësch a Kappféisser erniert huet. Seng hënnescht a viischt Extremitéiten haten d'Form vu Schwammflossen. Si haten e längelzege Kierper, e laangen Hals an e relativ klenge Kapp.

Bei Terrassementsaarbechten beim Bau vun der Collectrice du Sud zu Suessem[2] goufen uganks der 1990er Jore verstengert Reschter vun engem bal komplette Skelett fonnt. 2017 goufen déi vun enger Equipe vu Fuerscher an Zesummenaarbecht mat enger Paleontologin vu Paräis analyséiert. D'Skelett krut den Numm "Microcleidus melusinae" an ass am Naturmusée ausgestallt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Vincent, P., R. Weis, G. Kronz & D. Delsate, 2017. – Microcleidus melusinae, a new plesiosaurian (Reptilia, Plesiosauria) from the Toarcian of Luxembourg. – Geological Magazine, 1-18. doi:10.1017/S0016756817000814. Abstract.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Mélusine refait surface." Communiqué op naturmusée.lu, Oktober 2017.
  2. Plesiosaurus entdeckt: Eng Aart "Lëtzebuerger Nessi" op rtl.lu vum 30.Oktober 2017