Op den Inhalt sprangen

Mierengt

Vu Wikipedia
D'Strooss vu Gibraltar: Am Norde Spuenien an am Süde Marokko (Copernicus-Staellitebild, 2022)

Eng Mierengt ass eng Plaz an engem Mier, wou zwou Landmassen no beienee kommen a sou e schmuele Passage entsteet. D'Mierengte waren a si vu grousser strategescher Bedeitung fir d'Schëfffaart. D'Géigestéck vun der Mierengt ass d'Landengt (Isthmus).

Eng Mierengt kann och als Mieresstrooss (oder einfach Strooss, z. B. Strooss vun Hormus), Kanal (z B. Äermelkanal), Sund oder Sound (z. B. Öresund, Long Island Sound), Belt oder Bælt (z. B. Grousse Belt) bezeechent ginn. Op Franséisch schwätzt ee vun engem détroit oder pas (z. B. Pas-de-Calais).

Gemenkerhand ass d'Uewerflächewaasser op béide Säiten op der selwechter Héicht a kann a béid Richtungen duerch d'Strooss fléissen, och wann d'Topographie de Waasserfloss am Allgemengen e bëssen aschränkt. A verschiddene Stroossen gëtt et eng dominant Richtungsstréimung. Am heefegsten ass d'Mierengt e schmuele Kanal, deen tëscht zwou Landmasse läit.

Mierengte si Plaze fir Sedimentusammlungen, mat sandgroussen Oflagerungen, déi normalerweis op béiden Accèsen optrieden an ënnerwaasser e Keegel oder en Delta bilden. Verschidde Stroossen sinn net schëffbar, well se ze schmuel oder ze flaach sinn oder well et e Riff oder Archipel gëtt.

 Commons: Mierengt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]