Mihai I. vu Rumänien

Vu Wikipedia
Mihai I. vu Rumänien
Gebuer 25. Oktober 1921
Gestuerwen 5. Dezember 2017
Aubonne
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit Rumänien, Vereenegt Kinnekräich, Schwäiz, Rumänien
Aktivitéit Kinnek
Famill
Bestuet mat Anna vu Bourbon-Parme
Papp Carol II. vu Rumänien
Mamm Hélène vu Griicheland
Geschwëster Carol Lambrino
Kanner Margareta vu Rumänien, Prinzessin Elena vu Rumänien, Prinzessin Irina vu Rumänien, Sophie vu Rumänien, Prinzessin Maria vu Rumänien

De Mihai I. vu Rumänien, gebuer de 25. Oktober 1921 zu Sinaia a gestuerwen de 5. Dezember 2017 zu Aubonne, an der Schwäiz[1], war vun 1927 bis 1930 a vun 1940 bis 1947 Kinnek vu Rumänien.

Hie war de Jong vum deemolegen Trounfolger, dem Prënz Carol a senger Fra, der Prinzessin Elena vu Griicheland an Dänemark. 1926 gouf säi Papp aus der Trounfolleg ausgeschloss (hien hat eng Maîtresse, an huet dat net verstoppt), sou datt de Mihail 1927, nom Doud vu sengem Grousspapp Ferdinand, mat just 5 Joer op de rumäneschen Troun koum. Säi Monni, de Prënz Nicolae, war Regent.

De 6. Juni 1930 koum de Carol aus sengem Paräisser Exil zeréck, a gouf als Carol II. Kinnek. De 6. September 1940 gouf de Mihai op en Neits zum Kinnek proklaméiert. Déi tatsächlech Muecht am Land hat awer de Generol a "Guide" (rum. conducătorul) Ion Antonescu.

Wärend dem Zweete Weltkrich stoung Rumänien op der Säit mat Däitschland am Krich géint d'Sowjetunioun. Wéi am Summer 1944 d'Rout Arméi drop an dru war, Rumänien z'erueweren, huet de Mihai den 23. August 1944 den Antonescu entlooss an zween Deeg drop dem Däitsche Räich de Krich erkläert.

De Mihai blouf bis den 30. Dezember 1947 Kinnek, ier e vun der Rumänescher Kommunistescher Partei, déi un der Muecht war, gezwonge gouf, ofzedanken an d'Land ze verloossen.

Hie goung mat senger Fra an d'Schwäiz, wou en als Ziichter vu Gefligel, Testpilot a Makler op der Bourse säi Liewe verdéngt huet. 1992, 3 Joer no der Revolutioun géint de kommunistesche Regime vum Nicolae Ceaușescu, ass e fir Ouschteren a Rumänien gaangen, wou iwwer eng Millioun Leit op d'Strooss gelaf sinn, fir en ze gesinn. De Staatspresident Ion Iliescu, deem dës onerwaart Popularitéit net geheier war, huet him verbueden, nach eng Kéier anzereesen. Eréischt 5 Joer drop huet dem Illiescu säin Nofollger Emil Constantinescu him et erlaabt, d'rumänesch Nationalitéit erëmzekréien, an domat och, an d'Land ze reesen, wann e wéilt.

Als fréiere Staatschef krut en 2001 d'Recht, an engem Palais zu Bukarest ze wunnen. Vun 2004 un huet de Mihai mat senger Fra Ana vu Bourbon-Parma, déi en 1948 bestuet hat, zu Aubonne an der Schwäiz gelieft.

De Mihai an d'Ana hate 5 Duechteren:

  • Margarita (* 26. Mäerz 1949)
  • Elena (* 15. November 1950)
  • Irina (* 28. Februar 1953)
  • Sophie (* 29. Oktober 1957)
  • Maria (* 13. Juli 1964)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andreas Hillgruber: Michael I., in: Biographisches Lexikon zur Geschichte Südosteuropas. Bd. 3. München 1979, S. 184 f.
  • Prince Radu of Hohenzollern-Veringen: H. M. King Michael I of Romania. A Tribute. = S. M. le Roi Michel I de Roumanie. Un homage. Captions and Conclusion by Arturo E. Beéche-Bravo Hohenzollern-Veringen. Rosvall Royal Books u. a., Falköping Sweden u. a. 2001, ISBN 91-973978-3-0.
  • Michel de Roumanie: Le Règne inachevé. Conversations avec Philippe Viguié Desplaces. Michel Lafon, Paris 1992, ISBN 2-908652-15-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michael I of Romania – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Der letzte rumänische König. Neue Zürcher Zeitung, 5. Dezember 2017.
    Rumäniens Ex-König Michael ist gestorben. spiegel.de, 5. Dezember 2017