Mihály Munkácsy

Vu Wikipedia
Mihály Munkácsy
Gebuertsnumm Lieb Mihály Leó
Pseudonym Munkacsy, Michael V.
Gebuer 20. Februar 1844
Gestuerwen 1. Mee 1900
Nationalitéit Ungarn
Educatioun Akademie der bildenden Künste Wien,
Akademie der Bildenden Künste München,
Kunstakademie Düsseldorf
Aktivitéit Moler
De Mihály Munkácsy
Mihály Munkácsy

De Mihály Munkácsy, gebuer den 20. Februar 1844 als Mihály Lieb[1] zu Munkács um Fouss vun de Karpaten, haut an der Ukrain, a gestuerwen den 1. Mee 1900, war en ungaresche Moler, deen eng Zäit um Kolpecher Schlass gelieft an do och gemoolt huet. Am Fong war d'Kolpecher Schlass, seng Summerresidenz, wéi hien nach zu Paräis gewunnt huet. Et war am Besëtz vum Baron Edouard de Marches a senger Fra Cécile Papier, enger gebierteger Lëtzebuergerin. Si hunn hie gesponsert an ënnerstëtzt.

Duerfschoul vu Kolpech

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Mihály Munkácsy hat e beweegt Liewen. 1846 ass hie mat der Famill op Miskolc (Ungarn) geplënnert, nodeem säi Papp versat gi war. Do huet hie bis 1851 gelieft. 1861 krut hien d'Syphilis, wouduerch säi Gesondheetszoustand sech verschlechtert huet. Hie war beim Wiener Moler Karl Rahl an der Léier, spéider zu München beim Sándor Wagner (1839-1919), engem jonken Ungar.

Seng Paräisser Zäit, vun 1871 un, gouf him vill Méiglechkeeten. Do huet hien déi klassesch Moler an d'Häerz geschloss a sech zum Realismus bekannt. Nodeem 1873 de Baron de Marches gestuerwe war, huet hie seng Wittfra, d'Cécile Papier aus Clausen, de 5. August 1874 bestuet. Als Zeie war de Joseph Junck, de Chef de Gare vu Lëtzebuerg, e Jugendfrënd vun der Cécile Papier agelueden. D'Koppel ass zu Paräis an de mondäne Kreesser verkéiert. Lues a lues huet hien dunn och säi Stil geännert, ënner dem Afloss vun den Impressionisten, déi zu Paräis den Toun uginn hunn. D'Bestietnes mat der Cécile Papier huet him Kolpech, wou hie bekannt Biller vum Schlasspark gemoolt huet, méi no bruecht. D'Lëtzebuerger Moler Michel Engels a Franz Heldenstein waren zu Kolpech gär gesinn, grad wéi de Michel Lentz an de Staatsminister Paul Eyschen souwéi d'Famille Brasseur an den Nottär Félix Bian vu Réiden op der Atert.

Um Enn vu sengem Liewen hat hie vill Depressiounen a war net méi ganz kloer am Geescht. 1900, den 1. Mee, ass hien am Alter vu 56 Joer ënner trauregen Ëmstänn verscheet.

Park vum Kolpecher Schlass - Tableau vum Mihály Munkácsy

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Hei sinn nëmmen e puer Wierker erausgegraff:

  • D'Eruewerung vun Ungarn,1879, Ungaresch Nationalgallerie, Budapest
  • Mamm a Kand, Eng Etude fir de Christus virum Pilatus, 1880, Ungaresch Nationalgallerie, Budapest
  • Milton (Milton diktiert seinen Töchtern das verlorene Paradies) 1878, Ungaresch Nationalgallerie, Budapest
  • Hond, 1882, Ungaresch Nationalgallerie, Budapest
  • Bild vum vum Laszlo Paal, 1877, Ungaresch Nationalgallerie, Budapest
  • De Gaapsert, 1869, Ungaresch Nationalgallerie, Budapest
  • Etude vum Eva fir säin Tableau or Milton, 1878, Ungaresch Nationalgallerie, Budapest
  • Blummenensembel, 1881, Ungaresch Nationalgallerie, Budapest
  • The Pawnbroker's Shop, 1874, Metropolitan Museum of Art, New York
  • Golgotha, Cercle Municipal, Lëtzebuerg
  • De verluerene Jong, Konviktkapell, Lëtzebuerg
  • Portrait vum Franz Liszt, 1886, Ungaresch Nationalgallerie, Budapest
  • Le Christ à la Croix
  • Christus vor Pilatus,
  • Pater, a Lëtzebuerger Privatbesëtz

D'Munkácsy-Strooss[änneren | Quelltext änneren]

Zu Hamm (Stad Lëtzebuerg) gëtt et eng Rue Munkácsy, där hiren Numm op e Beschloss vum Stater Gemengerot vum 4. Juli 1930 zeréckgeet.[2] Am Krich haten d'Preisen doraus d'Breugelstraße gemaach.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, Karl, 1972 [Neioplo]. Porträtgalerie hervorragender Persönlichkeiten des Luxemburger Landes mit biographischen Notizen. 514 S. Verlag Edouard Kutter, Lëtzebuerg. [S. 288: Biographesch Notizen iwwer de Munkácsy]
  • Kohnen, Joseph, 1984. Munkácsy und Luxemburg. Imprimerie Saint-Paul, Luxemburg.
  • Kohnen, Joseph, 1996. Zwischen Paris und Budapest: Munkácsy in Luxembourg. S. 13-35 in: Munkácsy et le Grand-Duché de Luxembourg. Exposition du 20 septembre au 17 novembre 1996. Musée national d'histoire et d'art, Luxembourg.
  • Kohnen, Joseph, 1999. Munkácsy und Luxemburg: Auswahlbibliographie. Galerie: revue culturelle et pédagogique 17/4: 599-605. Differdange.
  • Kohnen, Joseph, 2000. Zu Munkácsys Christus-Trilogie, in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 9-27.
  • Kohnen, Joseph, 2006. Unbekannte Munkácsy-Bilder mit Luxemburger Motiven, in:. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 2:43-56. Lëtzebuerg.
  • Kohnen, Joseph, 2007. Le site de Colpach depuis les débuts jusq’à l'avènement des Mayrisch (1917). Galerie: revue culturelle et pédagogique 25, n° 2: 205-228. Differdange.
  • Kohnen, Joseph, 2008. Munkácsy und Luxemburg. Mit einem Begleitwort von Jean Ries. 2. überarb. & erw. Aufl. 242 S. éditions saint-paul, Luxemburg. ISBN 978-2-87963-714-3.
  • Engels, Michael, 1899. Michael v. Munkacsy, und seine Beziehungen zum Luxemburger Lande. Luxemburg. Druck von P. Worré-Mertens.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mihály von Munkácsy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 06, Säit 425.
  2. G. May: Die Strassenbezeichnungen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940 - 1944). In: Ons Stad, Nr. 71 (Dez. 2002), S. 30-32.[1]