Mike Pompeo

Vu Wikipedia
Mike Pompeo
Gebuer 30. Dezember 1963
Orange
Nationalitéit USA
Educatioun United States Military Academy
Aktivitéit Affekot, Geschäftspersoun, Direkter, Offizéier, Politiker
Partei Republikanesch Partei

De Michael Richard Pompeo, genannt Mike Pompeo, gebuer den 30. Dezember 1963 zu Orange a Kalifornien, ass en US-amerikaneschen Affekot a Politiker, dee vun Abrëll 2018 bis Januar 2021 Ausseminister vun den USA war. Hien ass Member vun der republikanescher Partei a gehéiert do zur konservativer a rietspopulistescher Tea-Party-Beweegung.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Pompeo ass e fréieren Arméisoffizéier an huet 1986 d'Militärakademie ofgeschloss. No senger militärescher Karriär huet hien Droit op der Harvard Universitéit studéiert[1]. Duerno huet hien Thayer Aerospace matgegrënnt, e Betrib, deen an der Zouliwwerindustrie fir déi zivil an industriell Loftfaart aktiv war. 2006 huet de Pompeo seng Bedeelegung un där Entreprise verkaaft an ass President vu Sentry International ginn, enger Entreprise, déi schwéiert Ekipement fir d'Pëtrollsfërderung bereetstellt.

Wéi d'Tea-Party-Beweegung 2009/2010 opkoum, ass de Pompeo Member bei der republikanescher Partei ginn. 2010 ass hien du fir de Kansas an d'Representantenhaus, déi ënnescht Chamber vum Kongress vun de Vereenegte Staaten, gewielt ginn.[1] Am November 2016 huet den neigewielten US-President Donald Trump de Pompeo als neien Direkter vun der CIA nominéiert[2]. Déi Nominatioun ass am Januar 2017 vum Senat bestätegt ginn[3]. De Pompeo hat déi Plaz bis Abrëll 2018. Dunn huet de President Trump de Pompeo zum Ausseminister ernannt, nodeems en deem säi Virgänger, de Rex Tillerson entlooss hat.

A senger Funktioun als Chef vun der CIA an als Ausseminister huet sech de Pompeo fir eng enk Bezéiung tëscht den USA a Saudiarabien agesat. Hien hat och vill derzou bäigedroen, datt et den historesche Sommet tëscht dem Donald Trump an dem nordkoreanesche Leader Kim Jong-un 2018 zu Singapur gouf, an datt sech d'amerikanesch Bezéiunge mam Iran a mam Venezuela verschlechtert hunn[4],[5],[6].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mike Pompeo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Offiziell Biographie um Websäit vum Wäissen Haus (gekuckt den 30. Juni 2019)
  2. independent.co.uk: Donald Trump appoints Congressman Mike Pompeo as CIA director (18. November 2016)
  3. Resultat vum Vote am Senat iwwer d'Nominatioun vum Mike Pompeo als Chef vun der CIA, den 23. Januar 2017
  4. The New York Times: https://www.nytimes.com/2018/03/13/us/politics/pompeo-cia-trump-secretary-of-state.html (13. Mäerz 2018)
  5. CBS News: Pompeo, Lavrov spar on Iran and Venezuela after day of meetings in Russia (14. Mee 2019)
  6. voanews.com: Pompeo to Meet Putin, Lavrov Amid Venezuela, Iran Tensions (10. Mee 2019