Millebaach (Siwebueren)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Millebaach (Siweburen))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Millebaach: enger Niewebaach vun der Uelzecht an de Quartiere Rollengergronn, Millebaach an Eech vun der Stad Lëtzebuerg. Fir aner Baache mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Millebaach.
Millebaach
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Siwebueren
Héicht 270 m
Koordinaten 49° 37’ 38.8’’ N
      06° 06’ 07.3’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz Eech
Héicht 234 m
Koordinaten 49° 37’ 37.4’’ N
      06° 07’ 50’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Stad Lëtzebuerg


D'Millebaach ass eng lëtzebuergesch Baach an de Quartiere Rollengergronn, Millebaach an Eech vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Millebaach entspréngt op enger Héicht vun ca. 270 Meter um Lieu-dit Siwebueren a fléisst vun do aus a Richtung Osten, parallell mat der Millebaacher Strooss (N55) bis se hannert der Eecher Plaz an d'Uelzecht leeft.

Fréier huet d'Millebaach, ë. a. d'Metzemillen an d'Eecher Bannmillen ugedriwwen. Vum Enn vun den 1950er Joren un ass d'Baach am Kader vun der Bebauung vum Quartier Millebaach no an no kanaliséiert ginn a leeft dowéinst haut op der ganzer Längt ënnerierdesch.

Niewebaachen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Millebaach (Siwebueren) – Biller, Videoen oder Audiodateien