Milou

Vu Wikipedia
Milou
Createur Hergé
Ass en(g) fiktiven Hond, Comicfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Séimann, Astronaut
Universum
Aus Dem Tintin séng Geschichten
Present am Dem Tintin seng Geschichten,
Tintin au Congo,
Tintin en Amérique
En echte Foxterrier mat drotegem Pelz, net ganz wäiss

De Milou ass en Hond aus dem Hergé senger Comicserie Dem Tintin seng Geschichten.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Ausgesinn[änneren | Quelltext änneren]

Milou ass e Foxterrier[1] mat engem ongewéinleche wäisse Pelz a mat enger schwaarzer Stuppsnues.

Perséinlechkeet[änneren | Quelltext änneren]

Den Terrier ass lieweg, empfindlech, awergleeweg, zynesch. Hien huet, sou wéi säi Meeschter an den alleréischte Geschichten, e Faibel fir Alkohol[2] an en huet sou wéi all Mupp Fleesch a Schanke gär.

Vun Ufank un ass de Milou den ontrennbare Begleeder vu sengem Meeschter den Tintin a follegt en an all sengen Aventuren. Dës Charakteristik féiert zu drolege Passagen. Zum Beispill am Band Tintin au pays de l'or noir gëtt de Reporter e puermol entfouert. Wéi en dem Chef Bab-El-Ehr virgestallt gëtt, ass de Milou op eemol nieft sengem Meeschter, ouni datt et dofir eng valabel Erklärung gëtt.

De Milou huet wéineg Bezéiunge zu anere Mënschen an déi sinn normalerweis komplizéiert. Dacks versichen d'Feinde vum Tintin, hien z'eliminéieren. En huet awer e bessere Rapport mat Kanner. Seng Relatioun zu aneren Déiere si gläichermoosse schwiereg: En huet eng Phobie vu Spannen an en hat am Ufank d'Siamkaz vum Kapitän Haddock gehaasst, si ass awer zum Schluss ee vu sengen ontrennbare Begleeder ginn.

Originn[änneren | Quelltext änneren]

Den Hergé hat fréier eng Frëndin, d'Marie-Louise Van Cutsem, déi "Milou" genannt gouf.[3],[4].

Eng Inspiratiounsquell fir den Hergé war de wäisse Foxterrier an der BD Ric et Rac vum Pol Rab.[5]

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank huet den Hond den Don fir ze schwätzen[6]. Dee Konzept gëtt duerch Gedanken an herno Biller ersat fir spéider komplett ewechzefalen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Milou op tintin.com
  2. Ausschnëtter wou de Milou drénkt
  3. Farr 2001, p. 12.
  4. Peeters 2006, p. 53.
  5. Trente millions d'Amis, Émission du 29 juillet 1978, TF1, Hergé à propos de milou, Datum: 29. Juli 1978
  6. Ausschnëtt wou e schwätzt