Mindelo (Cap Vert)

Vu Wikipedia
Vue op d'Alstad
De Gouverneurspalais

Mindelo ass eng Stad op der Insel São Vicente, um Cap Vert. Mat 76.107 Awunner (2010) ass et déi zweetgréisst Stad op de Kapverdeschen Inselen.

Den Hafen, dee vun 1850 un eng wichteg Ravitaillementsstatioun op den Transatlantikroutë war, ass haut ë. a. eng Statioun fir Croisièresschëffer a fir d'Fären op d'Insel Santo Antão.

Mindelo ass fir seng Fuesent bekannt, déi un de brasilianesche Karneval erënnert. Si gëtt gär als déi kulturell Haaptstad vum Cap Vert duergestallt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad läit am Nordweste vun der Insel São Vicente an der Bucht vu Mindelo, engem Krater mat 4 km Durchmesser, deen zum Mier hin op ass. De Monte Cara am Weste vun der Stad gläicht der Silhouette vun enger Persoun, déi läit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi ëm 1850 d'Dampschëffer opkomm sinn, hun déi brittesch Firme Randall a méi spéit Cory Brothers den Hafe vu Mindelo zu enger Ravitaillementsstatioun fir Kuel ausgebaut. Mat der Verbreedung vum Diesel, ronn honnert Joer dono, goufen d'Kuelelageren opginn.

1885 gouf zu Mindelo eng Relaisstatioun fir den éischten transatlanteschen Telegraphekabel opgeriicht, 1912 war Mindelo déi bedeitendst Kabelstatioun am Atlantik, an där néng Kabelen zesummegelaf sinn.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Palácio do Governador (Gouverneurspalais)
  • Paços do Concelho (Stadhaus)
  • eng verklengert Kopie vum Tuerm vu Belém, am Hafen
  • Centro Nacional de Artesanato (Nationalen Zentrum fir Konschthandwierk)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mindelo – Biller, Videoen oder Audiodateien