Minettsgéigend

Vu Wikipedia
Typesch raschtroude Buedem a fréieren Tagebau um Lallengerbierg; haut Naturschutzgebitt Brucherbierg-Lallengerbierg.
Fréieren Tagebau vu Minett tëscht Keel a Rëmeleng; haut Naturschutzgebitt Léiffrächen.
D'Süd-Gemengen
Kaart vum lëtzebuergesch-loutrengesche Minettsbaseng

De Minett ass den Numm, dee fir eng Géigend am Südweste vu Lëtzebuerg gebraucht gëtt.

Als Minettsgéigend bezeechend een déi Partie vum Lëtzebuerger Land, wou am Buedem en eisenhalteg rout Äerz virkënnt, dat Minett genannt gëtt, an dem Buedem déi typesch raschtbrong Faarf gëtt.

Dës Géigend läit am Süde vum Guttland op der Grenz mat Frankräich an der Belsch. D'Haaptstad vun der Minettsgéigend ass Esch-Uelzecht. Déi ganz Minettsgéigend ass vun der Eisen- a Stolindustrie markéiert an huet hire ganze Räichtum der Existenz vun de Schmelzen ze verdanken. Dëst erkennt een och un de villen Aarbechtersiidlungen an Industriebroochen, déi an der Géigend ze fanne sinn.

De Minett ass, nieft der Stad Lëtzebuerg, déi Géigend zu Lëtzebuerg mat der héchster Populatiounsdicht.

Loutrengesch-lëtzebuergesche Minettsbaseng[änneren | Quelltext änneren]

An der Literatur [1] iwwer d'Exploitatioun vun der Minett zu Lëtzebuerg, gëtt vum lothringisch-luxemburgischen Becken geschwat. Dëse Minettsbaseng gëtt agedeelt an de Bassin de Briey, de Bassin de Metz-Thionville, an de Bassin de Longwy, mat am Ganze 94.000 ha a Frankräich; 305 ha leien an der Belsch an 3.670 ha um Lëtzebuerger Territoire; zesumme mécht dat en Total vu 97.975 ha. Lëtzebuergesch Auteure schreiwe vun 106.000 ha am Ganzen. De Lëtzebuerger Deel gëtt an zwee gedeelt, de Baseng westlech vun der Uelzecht (vu Bieles iwwer Uewerkuer, Déifferdeng, Nidderkuer, Rolleng bis Rodange), an de Baseng am Oste vun der Uelzecht (Esch, Rëmeleng, Diddeleng). Interessant ze wëssen ass et och datt d'Minett am westlechen Deel kiselhalteg ass an am ëstleche kallekhalteg.

De loutrengesch-lëtzebuergesche Baseng huet e Gefäll vun ongeféier 1 % a Richtung Zentrum vum Paräisser Baseng. Dowéinst läit dat iewescht Lager zu Lëtzebuerg dacks just e puer Meter ënner dem Buedem a konnt duerch Galeriesagäng an de Fronten oder carrément duerch Dagbau erreecht ginn, wärend et a Loutrengen dofir dacks scho vill ze déif louch a just duerch Pëtzer fir den Ofbau accessibel gemaach konnt ginn.

Landstreech a Bezeechnung[änneren | Quelltext änneren]

Landschaftlech war d'Minettsgéigend deemno vu Minièren (iwwer an ënner dem Buedem) a Schlakentippe markéiert, déi awer erëm zum Deel vun der Natur "erëmgeholl" goufen, an haut zum Deel Naturparke sinn, oder vun 1975 u staark ofgebaut goufe fir Terrassementsmaterial ze kréien. Aner markant Punkte waren d'Schmelzen an d'Héichiewen, déi och lues a lues aus dem Landschaftbild veschwannen.

Zu de Gemengen an der Minettsgéigend ziele streng geholl just d'Gemenge Péiteng, Déifferdeng, Suessem, Esch-Uelzecht, Schëffleng, Keel, Rëmeleng an Diddeleng. Meeschtens gëtt awer einfach de ganze Kanton Esch-Uelzecht domat gemengt.

Dat bossegt ass, datt just déi Leit, déi net am Land vum roude Buedem, mä am Rescht vum Kanton Esch-Uelzecht liewen, vu sech behaapten, si kéimen aus dem Minett. Déi richteg Minettsdäpp awer kennen deen Ausdrock guer net a soe ganz einfach, si wieren aus dem Süden.[Source?]

Den Ausdrock vum roude Buedem / Terres rouges fir säin Deel geet net wéi ee kéint unhuelen op dat iewescht rout Minettslager zeréck, mä op den däitschen Hütten-Aktië-Veräin "Rothe Erde" mat senge bis zu 11 Héichiewen zu Lëtzebuerg, dee säin Numm vum Standuert vum Mammenhaus am Oochener Staddeel Rothe Erde hat, deen eytmologesch vun "ofgeholztene Buedem" ("gerodete Erde") hierkënnt. Sou ass dann och an éischter Linn d'Schmelz laanscht d'Other Strooss zu Esch-Uelzecht "Terres-rouge" genannt ginn, vum Enn vum Éischte Weltkrich u bis s'ugaangs der 1970er Joren zougemaach gouf. Mat der Zäit huet deen Ausdrock sech duerch eng falsch Iwwersetzung fir d'ganz Minettsgéigend agebiergert.

Den nationale Grouwemusée zu Rëmeleng

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am 3. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Kelten ugefaangen, Wakeminett (dt. Bohnerz) ze sammelen an anzeschmëlzen. Dat ware kleng knollenaarteg Brongeisesteng, déi een dacks nom Plouen einfach sou um Feld fonnt huet. Spéider an der Réimerzäit ass och verschiddentlech no Eisenäerz gegruewe ginn, mä dat huet d'Liewe vun deene meeschte Leit ni grouss beaflosst. Si waren aarm Baueren, déi maximal zu e puer Honnerten a verspreeten Dierfercher gewunnt hunn. Net ëmsoss huet den Napoléon 1795 d'Land als Département des Forêts a säin Empire erageholl, well ausser Bëscher an emol eng Wiss oder e Feld gouf et zu där Zäit net vill. Eng ganz Rëtsch Leit hu sech als Wander- a Geleeënheetsaarbechter duerch d'Liewe geschloen.

1850 ass de Fransous Renaudin, deen iwwerall Buedemprouwe geholl huet, op de groussen Eisegehalt vum Gestengs am Süde vum Land opmierksam ginn. Op lëtzebuergeschem Gebitt leien effektiv 3.740 vun den 100.000 ha vum loutrengesch-lëtzebuergeschen Äerzbaseng. Et handelt sech dobäi ëm déi bedeitendst Eisenäerzoflagerunge vun der Äerd. Mat där formidabler Entdeckung koum et zu enger schlagaarteger Verännerung am Minett, déi indirekt och fir de Rescht vum Land den Opschwonk bedeit huet.

Op industrieller Basis goufen d'Minettssteng dunn tëscht 1860 an 1981 ofgebaut a verschafft.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Siderurgie zu Lëtzebuerg.
.

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Waasserleef am Minett gehéieren zum Anzuchsgebitt vun der Musel. Eng Ausnam ass d'Kuer mat hiren Niewebaachen, déi zum Anzuchsgebitt vun der Meuse gehéieren.

Minetter Dialekt[änneren | Quelltext änneren]

An der Linguistik gëtt déi Dialektform vum Lëtzebuergeschen, déi am Südweste vum Land geschwat gëtt, dacks 'Minetter' genannt. Charakteristesch dofir si Partikularismen am Vokalismus, wéi z. B. bei de Pronomina "mär" an "där" fir "mir" an "dir"; "moar" a "Goar" fir "mar/muer" a "Gare", asw. Dacks gëtt och de "sch" méi prononcéiert ausgeschwat wéi am Rescht vum Land a bei verschidde Wierder op "-cht" fält de "ch" ewech (z. B. "Lut" fir "Luucht", "Gesit" fir "Gesiicht").[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cungs, Josy, 2020. Pflege- und Gestaltungsmaßnahmen in den Erzabbaufolgelandschaften Luxemburgs. Bembecia 3, Biotop- und Artenschutz im Erzbecken Luxemburgs, 507 S.
  • Myriam Sunnen, 2008. De Minett. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 247-252. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
  • Louis Lenz: Der Luxemburger Bergmann in seiner Arbeitswelt im lothringisch-luxemburgischen Minettegebiet; Edition: de Minettsdapp, Kultur am Süden a.s.b.l., 1997

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Minettsgéigend – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Der Luxemburger Bergmann in seiner Arbeitswelt im lothringisch-luxemburgischen Minettegebiet; Edition: de Minettsdapp, Kultur am Süden a.s.b.l., 1997
  2. Palgen, H, 1948. Studien zur Lautgeographie Luxemburgs. Lëtzebuerg, P. Linden, 1948 (= Beiträge zur Luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VI).