Ministère de la culture
![]() | |
Kulturministère | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Eric Thill |
Verwaltungssëtz | Hôtel des Terres Rouges |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 1969 |
Um Spaweck | https://mc.gouvernement.lu/ |
![]() |
De Kulturministère, offiziell Ministère de la Culture ass e Ministère zu Lëtzebuerg dee sech fir d'kulturell Entwécklung um nationalen an internationalen Niveau zu Lëtzebuerg asetzt.
Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]
De Ministère ass responsabel fir d'kulturell Entwécklung a wëll de Lëtzebuerger Patrimoine erhalen a fërderen an déi néideg Impulser ginn, fir d'kulturell Kreatioun an d'Promotioun vun de Kënschtler z'ënnerstëtzen. E koordinéiert d'Relatiounen tëschent de verschiddene kulturellen Acteuren zu Lëtzebuerg an organiséiert e reegelméissegen Echange mat hinnen am Kader vun de kulturellen Assisen.
De Kulturministère këmmert sech ë. a. ëm d'visuell Konscht, d'Musek an den Danz, d'Literatur an den Theater, de kulturelle Patrimoine asw.
Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Kulturministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
Koordinatioun vun de kulturelle staatlechen Instituter:
- Nationalarchiven – Archives nationales de Luxembourg (ANLux)
- Nationalbibliothéik – Bibliothèque nationale du Luxembourg (BNL)
- Centre national de l'audiovisuel (CNA)
- Lëtzebuerger Literaturarchiv – Centre national de littérature (CNL)
- Institut national pour le patrimoine architectural (INPA)
- Nationaalt Fuerschungsinstitut fir Archeologie – Institut national de recherches archéologiques (INRA)
- Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht – Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art (MNAHA)
- Nationalmusée fir Naturgeschicht – Musée national d'histoire naturelle (MNHN)
Historique vum Kulturministère[änneren | Quelltext änneren]
Iwwer d'Jore war de Ressort vun der Kultur deels an anere Ministèren integréiert:
- 1969 - 1972 : Ministère des affaires culturelles et des cultes
- 1984 - 1995 : Ministère des affaires culturelles
- 1995 - 1999 : Ministère de la culture
- 1999 - 2009 : Ministère de la culture, de l'enseignement supérieur et de la recherche
- zanter 2009 : Ministère de la culture / Ministère de la Culture
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Ministère de la culture – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung