Ministère de la fonction publique
![]() |
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() | |
Ministère fir d'Fonction publique | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Marc Hansen |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | 63, avenue de la Liberté L-1931 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Um Spaweck | https://mfp.gouvernement.lu/ |
De Ministère fir d'Fonction publique, offiziell Ministère de la fonction publique ass e Ministère zu Lëtzebuerg.
Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]
D'Haaptziler vum Ministère fir d'Fonction publique si fir sech ëm en attraktiven an exemplareschen ëffentlechen Déngscht anzesetzen, dee vu performantem Personal geréiert gëtt a fir en ëffentlechen Déngscht vun héijer Qualitéit ze suergen, deen op einfachen, innovativen an effikasse Reglementer baséiert.
Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère fir d'Fonction publique falen, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
- Commissariat du Gouvernement chargé de l'instruction disciplinaire,
- Institut national d'administration publique,
- Service national de la sécurité dans la fonction publique,
- Commission des pensions,
- Conseil de discipline.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Ministère de la fonction publique – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.