Ministère de la Mobilité et des Travaux publics

Vu Wikipedia
Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten
Land Lëtzebuerg
Minister Yuriko Backes
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 2018
Um Spaweck https://mmtp.gouvernement.lu/

Deen dacks just Transportministère oder Bauteministère genannte Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten (fr: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics, gekierzt MMTP) ass e Ministère zu Lëtzebuerg dee sech prioritär op Interventiounen an de Beräicher Transport an ëffentlech Aarbechte këmmert.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Ministère ass 2018 entstanen an huet de fréiere Ministère du développement durable et des infrastructures ersat.

Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]

D'Beräicher, Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Beräich „Mobilitéit“[änneren | Quelltext änneren]

  • Allgemeng Verkéierspolitik: Definitioun, Konzept an Orientéierung duerch d'Festleeë vun de Bedierfnesser, d'Bestëmme vun de Prioritéiten, d'Ëmsetze vun de Moyenen an d'Kontroll vun den Ausgaben; allgemeng Koordinatioun vun der Aarbecht; Persouneschutz vun de Regierung
  • Eisebunn: Strategie a Koordinatioun vum Persounen- a Giddertransport; Entwécklung vun der Eisebunnsinfrastruktur a Koordinatioun vun der internationaler Eisebunnsubannung; Verwaltung vum Fonds du rail; Verwaltung vum Fonds des raccordements ferroviaires internationaux; Eisebunnsreguléierung; Gestioun vun den Eisebunnsgidder; Eisebunnsverwaltung; CFL
  • Mobilitéitsplanifikatioun: Strategie, Koordinatioun, Iwwerwaachen a Planifikatioun vun der multimodaler Mobilitéit; Ausbau vun den Transportreseauen (Eisebunn, Tram, Bus, Strooss an duuss Mobilitéit) an der Intermodalitéit; innovativ Mobilitéitsoffer; Tram / Luxtram; grenziwwerschreidend Mobilitéit; Cellule fir duuss Mobilitéit; Observatoire vun der Mobilitéit; Mobilitéitsmodelléierung (Cellule modèle de trafic a Modèle multimodal et scénarios de mobilité transfrontaliers MMUST) - Mobilitéitskonzepter a -pläng (Gemengen, Patronen, Aktivitéitszonen, ëffentlech Gebaier, asw.).
  • Stroosseverkéier: Fürerschäin a Chauffersausbildung; Reglementer a Verkéierssécherheet; Gestioun vun den Taxien a Locatiounsween mat Chauffer; Parkkaarte fir behënnert Leit
  • Automobiltechnologie: Umellen, Homologatioun an technesch Kontroll vun de Stroossegefierer; autonom a connectéiert Gefierer; Dekarboniséierung vum Secteur vum Stroossentransport; Benotzungsrechter a Peage fir schwéier Stroossegefierer; Dematerialiséierung vun den Transportdokumenter; Zirkulatioun vu Gefierer mat Iwwergréisst
  • Stroossentransport (Code de la route): Reglementer iwwer international Stroossentransporter; Geneemegunge fir den internationale Persounen- a Giddertransport op der Strooss; Stroossekontroll; Reglementer fir den Transport vu geféierleche Gidder (Strooss, Eisebunn, Banneschëfffaart) a verdierfleche Wueren (Strooss)
  • Ëffentlechen Transport: Verwaltung fir den ëffentlechen Transport; Koordinatioun vun de verschiddenen ëffentlechen Transportmëttel; Festleeë vun der Offer; Mobilitéitszentral; Geneemegunge fir den internationale Persounentransport; Tarifikatioun; RGTR-Bedreiwer; Schoultransport fir Kanner oder Jugendlecher mat spezielle pedagogeschen Ufuerderungen a fir behënnert Persounen; Adapto-Service
  • Banneschëfffaart: Reglementatioun; Exploitatioun vun der kanaliséierte Musel; Hafe vu Mäertert; Service de la navigation fluviale; Gestioun vun der Flott; Gestioun vum Equipage; Gestioun vun den ëffentleche Flossgebidder
  • Kombinéiert Transporter: multimodal Politik; Logistik; intermodal Terminaler
  • Administration des enquêtes techniques
  • Reglementatioun; Fluchhafen; Navigatioun a Loftfaart; Loftsécherung; Direktioun vun der ziviller Loftfaart; Loftverkéiersverwaltung; Entwécklung vun der Fluchhafenaktivitäten; Luxairport; Cargolux; Luxair; Agence fir d'Flugsécherheet

Beräich „ëffentlech Aarbechten“[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.