Ministère des affaires étrangères et européennes

Vu Wikipedia
Society.svg Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ministère des affaires étrangères et européennes
Mansfeld building in Luxembourg City 01.jpg
Mansfeld Gebai, Sëtz vum Ausseministère
Aussen- an Europaministère
Land Lëtzebuerg
Minister Jean Asselborn, Franz Fayot, François Bausch
Verwaltungssëtz Fréiere Justizpalais
Adress 9, rue du Palais de Justice L-1841 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 1999
Um Spaweck https://maee.gouvernement.lu/


Den Aussen- an Europaministère (kuerz: Ausseministère), offiziell Ministère des affaires étrangères et européennes zu Lëtzebuerg, definéiert d'Aussen- an d'EU-Politik vu Lëtzebuerg, setzt s'ëm a koordinéiert d'Aussepolitik vun der Lëtzebuerger Regierung.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Den Ausseministère agéiert am Interessi vum Land a senge Bierger. E setzt sech als Zil e koherent Konzept an de Beräicher vun der Diplomatie, der Verdeedegung, der Entwécklung an der Immigratioun.

Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun deene meeschte groussen internationalen Institutiounen, ënner anerem vun der Europäescher Unioun a vun der Organisatioun vun de Vereenten Natiounen (UNO), a setzt sech besonnesch fir déi europäesch Integratioun a fir de Multilateralismus an. Déi lëtzebuergesch Diplomatie vertrëtt d'Wäerter vu Fräiheet, Fridden a Sécherheet, a setzt sech a fir Demokratie, Mënscherechter, verantwortlech Staatsféierung a Rechtsstaatlechkeet, Solidaritéit an nohalteg Entwécklung. Se ass permanent beméit, de Respekt vum internationale Recht ze schützen an ze stäerken.

Déi lëtzebuergesch Diplomatie steet am Déngscht vun de Lëtzebuerger, vun de staatlechen Institutiounen, vum Privatsecteur a vun der Zivilgesellschaft, fir sämtlech lëtzebuergesch Interessen am Ausland ze vertrieden an ze verdeedegen, souwuel um politeschen an um konsularesche Plang wéi och an de Beräicher vun der Wirtschaft, vum Handel a vun der Kultur a gläichzäiteg de Markenimage vum Land ze fërderen.

Kompetenz vum Ausseministère[änneren | Quelltext änneren]

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ausseministère falen, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

An d'Kompetenz vum Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete falen ë. a.:

  • d'Koordinatioun an d'Ëmsetzung vun der Politik vun der Entwécklungszesummenaarbecht;
  • d'Relatioune mat den Netregierungsorganisatiounen, asw.

D'Zoustännegkeet vum Verdeedegungsminister begräift:

  • déi allgemeng Verdeedegungspolitik;
  • d'international Kooperatiounspolitik am Beräich vun der Verdeedegung;
  • d'Verdeedegung vum Land an d'Hëllef bei Katastrophen duerch d'Arméi;

De Minister fir Immigratioun an Asyl ass zoustänneg fir:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ministère des affaires étrangères et européennes – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.