Minor Planet Center

Vu Wikipedia
Logo vun der IAU

De Minor Planet Center (MPC) ass eng offiziell Organisatioun, fir d'Sammlung, d'Auswäertung an d'Verëffentlechung vun Daten iwwer Asteroiden a Koméiten. Si bestätegt d'Neientdeckunge vu Klengplanéiten a Koméiten. Nimm fir Klengplanéite musse fir d'éischt vum MPC bestätegt ginn, ier s'offiziell unerkannt ginn.

Den MPC schafft ënner dem Patronat vun der IAU. En ass dem Smithsonian Astrophysical Observatory (SAO) ugegliddert a schafft mam Harvard College Observatoire zesummen. En ënnerhält ë. a. Online-Déngschter, iwwer z. B. Amateurastronomen déi den MPC mat eegenen Observatiounen ënnerstëtze kënnen. Iwwer den Internet kann op de komplette Katalog vun allen Asteroiden a Koméiten („Minor Planet Center Orbit Catalogue“ - MPCORB) zougegraff ginn.

Den MPC war am Joer 1947 op der Universitéit vun Cincinnati gegrënnt ginn. Den éischten Direkter war de Paul Herget. Am Joer 1978, gouf en ënner der Leedung vum Brian Marsden, dem SAO ugegliddert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]