Mir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mir d'Vollek
Ofkierzung MV
Gegrënnt 2021
Parteizentral Stad Lëtzebuerg
Ideologien Transparenz, Direktdemokratie
Slogan Fir d'Vollek, aus dem Vollek, duerch d'Vollek
Websäit
www.vollek.lu www.vollek.net

Mir d'Vollek ass eng Lëtzebuerger politesch Partei. Si gouf am Oktober 2021 vum Jean-Marie Jacoby, Peter Freitag an dem Toni Fernandes gegrënnt,[1] am Kontext vun de Protester vun den Impfgéigner géint d'Politik zur COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg. D'Partei versteet sech als Oppositiounspartei[2] an huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.[3]

Op der offizieller Websäit gi follgend Associatiounen opgelëscht:

  • Lëtzebuerger Bierger Kollektiv
  • Vigilance Citoyenne
  • FAIR Beweegung
  • AEGIS - gesond ouni Impfung
  • Express-Verbis
  • Kla.tv
  • European Forum for Vaccine Vigilance
  • Mim‘s Freiheit - Alternativ Media

Walresultater[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 hat Mir d'Vollek mat enger (partieller) Lëscht an der Stad Lëtzebuerg kandidéiert. D'Partei krut 0,97 % vun de Stëmmen, deemno huet kee Kandidat et an de Stater Gemengerot gepackt[4].

2024 huet Mir d'Vollek bei den Europawalen eng éischt Kéier kandidéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de)Grenzüberschreitungen. d'Lëtzebuerger Land (10.12.2021). Gekuckt de(n) 5.3.2023.
  2. (fr)"Super" année électorale, Une nouvelle liste électorale citoyenne se profile en 2023. 5minutes.rtl.lu (04.02.2023). Gekuckt de(n) 5.3.2023.
  3. Firmenauskunft für Mir d'Vollek Asbl. firmeneintrag.creditreform.de Archivéiert op 2023-03-05. Gekuckt de(n) 5.3.2023.
  4. (fr)Luxembourg. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-06-12.