Mireille Mathieu

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Mireille Mathieu
MireilleMathieu22.03.2006.jpg
Gebuer 22. Juli 1946
Avignon
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger, Entertainer, Schauspiller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Mireille Mathieu, gebuer den 22. Juli 1946 zu Avignon, ass eng franséisch Chansonsängerin.

Si huet iwwer 1.200 Lidder an 11 Sproochen opgeholl, dorënner op franséisch, däitsch, englesch, spuenesch, russesch a japanesch. Hirem Musekslabel no huet si 200 Millioune Placken an der Welt doruechter verkaf.[1]

Hiren Duerchbroch hat si an der Mëtt vun den 1960er Joren, a si war bis an d'1980 Joren era ganz populär.

1965 ass si eng éischt Kéier am Jeu de la chance vun der franséischer Fernsehsendung Télé Dimanche opgetrueden.[2] Spéider am selwechte Joer ass si zu Paräis am Olympia opgetrueden. Hiren éischten Album En direct de l'Olympia koum d'Joer drop eraus. Ee vun hiren éischte groussen Hitte war d'Lidd Mon credo (1966).

Hire leschte franséischsproochegen Album Mes classiques koum 2018 eraus. De leschten däitschsproochegen Album, Wenn mein Lied deine Seele küsst, ass vun 2013.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mireille Mathieu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sony Music: Mireille Mathieu : « Le premier regard d’amour », gekuckt den 21. Oktober 2019
  2. Jean-Louis Le Touzet: Une certaine idée de la frange., liberation.lu, 7. Oktober 2005