Op den Inhalt sprangen

Mireille Welter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mireille Welter
Gebuer 16. Januar 1969
Ettelbréck
Aktivitéit Lokalpolitikerin
Partei CSV
Fonctioun Gemengeconseillère, Schäffin, Buergermeeschtesch vun Esch-Sauer

D'Mireille Albertine Elisabeth Welter, gebuer de 16. Januar 1969 zu Ettelbréck[1], ass eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin (CSV).

Politesch Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

2017 ass d'Mireille Welter bei de Gemengewalen an der Gemeng Esch-Sauer nom Majorzsystem an de Gemengerot gewielt ginn[2]. Bei de Gemengewale vun 2023 ass si fir d'Biergerlëscht „Mat Iech!“ ugetrueden, déi aacht vun eelef Sëtz krut[3]. Si krut déi fënneftmeescht Stëmmen a gouf zweete Schäffen[3][4]. Nodeems de Laurent Hilger am Dezember 2025 ugekënnegt huet, aus gesondheetleche Grënn als Buergermeeschter ze demissionéieren, gouf d'Mireille Welter vu „Mat Iech!“ als Nofollgerin virgeschloen an de 6. Februar 2026 als Buergermeeschtesch vun Esch-Sauer vereedegt[5][6].

Si ass Member vum CSV-Sektiounscomité fir d'Sektioun vum Kanton Wolz a Member am Nationalcomité vun CSF: Fraen an der CSV (Stand 10. Februar 2026)[7].

D'Mireille Welter ass mam Paul Missavage bestuet; d'Koppel huet zwou Duechteren[8].

Si ass Member vum Verwaltungsrot vum nationale Basketballverband (FLBB)[1].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Fédération Luxembourgeoise de Basketball, Numéro RCS : F2301, Depot vum 23/07/2025 (gekuckt den 11. Februar 2026)
  2. (fr) Esch-sur-Sûre - Élections communales 2017. elections.public.lu. Gekuckt den 10.02.2026.
  3. 1 2 (fr) Esch-sur-Sûre - Élections communales 2023. elections.public.lu. Gekuckt den 10.02.2026.
  4. (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. gouvernement.lu (13.07.2023). Gekuckt den 10.02.2026.
  5. (de) Mireille Welter soll neue Bürgermeisterin von Esch/Sauer werden. wort.lu. Gekuckt den 10.02.2026.
  6. (fr) Assermentation aux fonctions de bourgmestre et échevin des communes de Bech, Bettembourg et Esch-sur-Sûre. gouvernement.lu (06.02.2026). Gekuckt den 10.02.2026.
  7. (lb) Mandataire – Mireille WELTER ép MISSAVAGE. csv.lu. Gekuckt den 10.02.2026.
  8. (de) Andrea Wimmer, Steinsels „Silversurfer-Coach“ überrascht Spielerinnen mit unkonventioneller Kabinenrunde. wort.lu (11.01.2026). Gekuckt de 15.02.2026.