Op den Inhalt sprangen

Mission: Impossible – Dead Reckoning

Vu Wikipedia
Mission: Impossible – Dead Reckoning
Film
Produktiounsland Vereenegt Staate vun Amerika
Première 12. Juli 2023
Dauer 163 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Christopher McQuarrie
Dréibuch Christopher McQuarrie
Fotografie Rob Hardy
Musek Lorne Balfe
Schnëtt Eddie Hamilton
Produzent Tom Cruise
Christopher McQuarrie
Produktiouns-
gesellschaft
Paramount Pictures
Schauspiller
Tom Cruise als Ethan Hunt
Hayley Atwell als Grace
Esai Morales als Gabriel
Simon Pegg als Benjamin „Benji“ Dunn
Ving Rhames als Luther Stickell
Rebecca Ferguson als Ilsa Faust
Henry Czerny als Eugene Kittridge
Pom Klementieff als Paris
Shea Whigham als Jasper Briggs
Greg Tarzan Davis als Degas
Vanessa Kirby als Alanna Mitsopolis
Frederick Schmidt als Zola Mitsopolis
Cary Elwes als DNI Denlinger
Mariela Garriga als Marie
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Mission: Impossible – Dead Reckoning (ursprénglech Mission: Impossible – Dead Reckoning Part One) ass en US-amerikaneschen Action-Film vum Christopher McQuarrie aus dem Joer 2023 mam Tom Cruise an der Haaptroll.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

Am Beringmier test d'U-Boot Sewastopol eng KI generéiert Tarntechnik, bei där et zu engem Accident kënnt an d'Boot ënnergeet. Am U-Boot sinn zwéi Schlësselen, déi d'Entitéit entschlësselen, wat den Ethan Hunt a seng Ekipp awer net wëssen a probéieren erauszefannen.

Zesumme mat senger IMF-Ekipp soll den Ethan Hunt déi nei Waff fannen, déi capabel ass, d'Mënschheet an en Drëtte Weltkrich ze féieren.

Uganks housch de Film nach Mission: Impossible – Dead Reckoning Part One. D'Fortsetzung, Mission: Impossible – Dead Reckoning Part Two sollt back-to-back mam éischte Film produzéiert ginn, wat wéinst der COVID-19-Pandemie an de villen Auteursstreiken an den USA awer net konnt agehale ginn. Nom schlechten Ofschneide vum Film an de Kinoen, gouf den Titel vum aachten Deel vun der Rei verworf, an de Part One nodréiglech gestrach.