Modist

Modist (fir e Mann) a Modistin (fir eng Fra) ass de Beruff vun enger Persoun, déi Dammenhitt fir verschidde Geleeënheete fabrizéiert. Et ass en haaptsächlech weibleche Beruff, deen hautdesdaags esou gutt wéi ausgestuerwen ass.
Eng Damm, déi eppes op sech gehalen huet (a sech et leeschte konnt), huet fir de Wanter an de Summer, grad ewéi fir verschidde Fester (Kanddaf, Kommioun, Kiermes, Hochzäit, Allerhellegen, asw.) e passenden Hutt gebraucht, dee vun der Modistin op Wonsch vun der Cliente hiergestallt gouf.
D'Aarbechtsgeschier vum Modist sinn d'Bitznol, den Zwier, d'Schéier an d'Streckeisen.
D'Patréinesch vun de Modisten ass d'Katréng an op „Katréngendag“ (25. November) war fréier e grousst Fest, op deem d'Modistinnen hir schéinst Hitt presentéiert hunn.
D'Männerhitt waren traditionell net esou phantasievoll a goufe seelen op d'Mooss gemaach; d'Männer hunn hiren Hutt beim Huttmécher kaaft an en eventuell upasse gelooss.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 1. Itzig: RBS, 2009. ISBN 9782959972157
- Orlewski-Eyschen, Jacqueline, Duhr, Nicole et al. Et war een deemools net méisseg: Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 2. Itzig: RBS, 2010. ISBN 9782959972167
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Modist – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Sproochmates: Katrengendag, play.rtl.lu, 23. November 2025, gekuckt den 21. Dezember 2025