Modul:SimplifiedEifelRule/doc
Ausgesinn

Mat dësem Modul kann een eng approximativ Versioun vun der Eifeler Reegel applizéieren.
D'Haaptfunktioun simplified_eifel_rule hëlt zwee Wierder entgéint: Wann dat zweet Wuert net mat d, h, n, t, z, a, ä, à, â, e, é, ë, è, ê, i, î, o, ö, ô, u, ü oder û ufänkt, gëtt beim éischte Wuert den einfachen oder duebelen „-n“ zum Schluss fale gelooss.
D'Resultat ass net ëmmer richteg, well:
- Net bei all éischtem Wuert zum Schluss den „-n“ ewechfale géif.
- D'Ewechfale vum „-n“ beim éischte Wuert net vum Ufanksbuschtaf vum zweete Wuert, mee vun der Aussprooch vun deem Buschtaf ofhänkt.
Wann de Benotzer oppasst, a wat fir engem Kontext dës Funktioun agesat gëtt, kann een awer Notzen heiraus zéien ouni feelerhaft Fäll ze produzéieren.