Modul Diskussioun:Biographie/RemoveDuplicates
Sujet derbäisetzenAusgesinn
Leschte Kommentar: virun 1 Joer vum Volvox am Sujet A wat bedeit dat?
A wat bedeit dat?
[Quelltext änneren]Moien,
Fir ze verstoen: wat bedeit oder bezweckt dat? Ech versti wuel wat en Doublon ass, ma wat gëtt ewechgemaach, wou a firwat? (Erkläerung op Lëtzebuergesch wëlkomm, net a Computersprooch ;-) Zinneke (Diskussioun) 09:30, 3. Mäe. 2025 (UTC)
- Moien ier me dee Modul haten stoungen d'Fonctioune vun de Politiker wa se schlecht an de Wikidata ausgefëllt waren dacks duebel, dräifach an och alt mol véiermol do. Fir ze gesinn wéi et propper misst an de Wikidata gemaach ginn, fir datt d'Fonctioun (z. B vum Deputéierten) nëmmen eemol ugewise gëtt kuck d'Wikidata vum Marc Lies a fir eng ze gesinn wéi et schlecht ass kuckt déi vum André Bauler. Fir ze vermeiden datt mer all déi eenzel Wikidata déi schlecht vu Roboteren ugeluecht goufen, oder vu Benotzer deenen et egal ass wéi et an den Infoboxen ausgesäit, op der Hand musse verbessert ginn, fir datt se propper ugewise ginn, gouf dëse Modul gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 09:57, 3. Mäe. 2025 (UTC)
- Hei wëll ech nach eng Bemierkung placéieren: Beim André Bauler (Q13101525) wëll ech net behaapten, datt et sënnvoll ass fir fir all Legislaturperiod separat opzelëschten, datt en Deputéierten ass, well se konsekutiv sinn. A villen anere Wikidata-Elementer vu Persoune steet awer Fonctioun (P39) e puer Mol, well d'Persoun z. B. mat Ënnerbriechung Deputéierten war oder Buergermeeschter a verschiddene Gemengen oder ... An deene Fall muss déi Fonctioun méifach am Wikidata-Element gefouert ginn, well allkéiers d'Informatioun, vu wéini bis wéini en Deputéierte war (fir all Period), resp. vu wat fir enger Gemeng e jeeweils Buergermeeschter war etc., als Qualifikator derbäisteet. En anere Fall wier, datt engem seng Uni zweemol gefouert ass; eng Kéier mat Bachelor als Ofschloss an eng Kéier als Master. Därer Konstellatioune gëtt et belibeg vill. A well mer och an all deene „legitimme“ Fäll an eisen Infoboxe keng Fonctioun oder Universitéit duebel wëllen hunn, ass dat heite Modul a mengen Ae genau déi richteg Approche.
- Et ass mer wichteg ze betounen, datt Wikidata eng allgemeng Wëssensdatebank ass, déi ënner dausende vun aneren Uwendungsfäll och eis Infoboxen alimentéiert, an datt, wa mir Problemer mat eisen Infoboxen hunn, mir déi ni direkt am Wikidata léisen däerfen*, mee ëmmer iwwer d'Aart a Weis wéi mer op Wikidata zougräifen.
- * Ausser et wier och ee vun eisen Infoboxen komplett onofhängege Problem an der Source.
- Villäicht rennen ech mat där Bemierkung oppen Dieren an, mee ech wollt et awer eng Kéier geschriwwen hunn.😅
- --Volvox (Diskussioun) 21:51, 3. Mäe. 2025 (UTC)
- PS. Wann an der Infobox de Buergermeeschter a schwaarzer Schrëft do steet, dann heescht dat, datt en an de Wikidata mam falschen Element agesat gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 12:08, 3. Mäe. 2025 (UTC)
- Merci, dat ass tipptopp erkläert. Ech froe mech, ob mer net eng Zort Sonner-Stamminees-Säit fir Foren an Erklärungen zu Programméierungs- a soss technesche Froe sollten opmaachen. Och, fir dat beieneen ze hunn, wann een et noliese wëll, oder ee Froen zum Fonctionnement vun eppes huet. Eeenzel Diskussiounssäite sinnnet erëmzefannen. Ech stellen d'Fro emol um Staminnee.
- Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 13:09, 3. Mäe. 2025 (UTC)
- Um Staminee hunn ech d'Iddi vun engem technesche Staminee scho begréisst. Mee déi beschte Plaz, wou den @Zinneke d'Äntwerten op seng Froen hei uewen hätt kënne fannen, wier warscheinlech an der Dokumentatioun vum Modul: Modul:Biographie/RemoveDuplicates/doc.
- Mee momentan hu mer (leider) bei quasi kengem Modul eng Dokumentatioun. Eng Ausnam, wou ee sech ukucke kann, wéi et anerefalls ausgesäit, ass z. B. Modul:Sandkaul. --Volvox (Diskussioun) 21:30, 3. Mäe. 2025 (UTC)
- Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 13:09, 3. Mäe. 2025 (UTC)