Op den Inhalt sprangen

Molbier

Vu Wikipedia
Molbier
Molbier (Vaccinium myrtillus)
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Ericales
Famill Ericaceae
Gattung Vaccinium
Wëssenschaftlechen Numm
Vaccinium myrtillus
L.
Molbier (Illustratioun).

D'Molbier (Vaccinium myrtillus) ass eng Aart aus der Gattung vun den Molbieren (Vaccinium) bannent der Famill vun den Ericaceae. Gemenkerhand gi sowuel d'Friichte wéi och den Trausch op deem se wuessen, Molbier genannt.

Alternativ, vereelzt oder lokal Varianten fir den Numm zu Lëtzebuerg si Monbier, Morbier, Motbier, a laanscht d'Musel Welen a Wéilen[1].

Den Trausch gëtt 10 bis 60 cm héich an huet vill kleng, gréng Äschtercher, déi no uewe wuessen. D'grasgréng Blieder sinn 2 bis 3 cm laang, an eeërfërmeg bis elliptesch.

D'gréngelzeg bis roudelzeg Bléien, déi eng 4 bis 6 mm laang Kroun hunn, kommen am Abrëll/Mee eraus. D'Friichte gi vu Juli bis an de September zeideg. Se sinn da schwaarzblo, mat engem Duerchmiesser vu maximal engem Zentimeter.

Am Spéitsummer kréien d'Blieder hir Hierschtfaarwen; se ginn donkelrout. Am Wanter verléiert den Trausch seng Blieder. E ka bis zu 30 Joer al ginn. Duerch eng vegetativ Vermeerung a Form vun Ausleefer kann eng Planz "indirekt" nach méi al ginn an dobäi bis zu ettlechen 1000 m² bedecken. D'Wuerzele gi bis zu 1 Meter déif.

Kiferbësch mat Molbiertraisch.
Molbierhecken am Hierscht.

D'Molbier ass paläarktesch mat Schwéierpunkt an den temperéierten an nordeschen Zone vun Eurasien verbreet a wiisst bis op eng Héicht vun ëm déi 2.200 m.

Si wiisst am Hallefschiet, dacks a Kiferebëscher oder an Heedlandschaften, op saueren, närstoff- a basenaarme Biedem.

Molbier ka frësch giess ginn, oder an der Kiche verwäert ginn, z.B. op Taarten oder zu Gebeess gekacht.

Fir et ze plécken, gëtt et speziell "Kämm", mat deenen een duerch d'Traisch fiert, an d'Bier sou an eng ugebaut Këscht fält. Dobäi geroden awer och net zeideg Friichten, Blieder an Äscht mat dran.

Molbier stäerkt den Immunsystem, wierkt antibakteriell, antiviral an antimykotesch an hëlleft Wonnen ze heelen. D'Anthocyanen (déi déi routmof Faarf maachen) wierken als Antioxidanten/Radikalfänger[2].

D'Molbierzorten, déi een an de Supermarchéë fënnt, sinn do dergéint Zuuchtformen, déi ursprénglech aus Amerika kommen (Vaccinium corymbosum).

Commons: Vaccinium myrtillus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Henri Klees: Luxemburger Pflanzennamen. Institut grand-ducal, Section de de linguistique, de folklore et de toponymie: Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. Luxemburg 1972, S.43.
  2. Steffen Guido Fleischhauer, Jürgen Guthmann, Roland Spiegelberger: Essbare Wildpflanzen 200 Arten bestimmen und verwenden. 17. Aufl. AT Verlag 2015. ISBN 978-3-03800-886-6.