Mona (Film 2006)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Informatiounen

{{{Plakat}}}

Film
Originaltitel: Mona
Produktiounsland: Lëtzebuerg
Première: 2006
Dauer: 8 Minutten
Originalsprooch: Lëtzebuergesch
Equipe
Regie: Marc Barnig
Dréibuch: Marc Barnig
Fotografie: Michel Clemen
Musek: Human Larvae
Produzent: Koler Movies Lëtzebuerg
Schauspiller
Laure Bever als Kand
Ferd Scheuer als Mann
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Mona ass e Lëtzebuerger Kuerzfilm vum Marc Barnig aus dem Joer 2006.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

An engem däischtere Keller, fënnt sech e klengt Meedchen erëm. Et huet Angscht, et weess net wéi et dohi komm ass, oder wien hatt do agespaart huet. Lues a lues kommen him déi schlëmm Erënnerungen zréck...

No den zwéi Kuerzfilmer Paper Dream a Lost realiséiert de Marc Barnig domat säin 3te Kuerzfilm. An de Rollen iwwerzeegen de Ferd Scheuer an dat klengt Laura Bever. Gedréint gouf zu Heischent, Munneref an an der Gemeng Stengefort.

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

De Film ass eng authentesch Noerzielung vun dem réelle Kriminalfall vum Josef Fritzl. Um Benelux Filmfestival zu Ostende gouf de Film dofir mam "Prix Paul Bryne" ausgezeechent mat der Begrënnung "Meilleur traitement d'un sujet actuel".

De Fall Fritzl huet net nëmmen an der Filmwelt, mä och an der Musek seng Spuren hannerlooss, zum Beispill an de Lidder „24 Years“ vun der Metalcore-Band Caliban, a "Wiener Blut" vun der NDH-Band Rammstein a "When Daddy Comes To Play" vun der Thrash Metal-Band Tankard.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]