Monegassesche Frang
Ausgesinn
![]() | |
| Typ | Wärung, Franc |
|---|---|
| Land | Monaco |
| Agefouert | 7. Mäerz 1837 |
| Ofgeschaaft | 1. Januar 2002 |
| ersat mat | Euro |
|
| |
De monegassesche Frang (MCF) war vum 7. Mäerz 1837 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vu Monaco. Si gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat.
1 Frang war an 100 Centimes ënnerdeelt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Frang gouf 1795 als Wärung a Frankräich agefouert a koum wärend der franséischer Besatzung vu Monaco (1793 bis 1814) och do an Ëmlaf. Eréischt an de Joren 1920 bis 1922 koume Schäiner an Ëmlaf, déi och déi eenzeg Schäiner an der Geschicht vum monegassesche Frang bloufen.[1]
1958 gouf a Frankräich den Nouveau Franc agefouert, deen de Wäert vun 100 ale Frang (Ancien Franc) hat. Dës Wärungsreform gouf dunn och a Monaco duerchgeféiert.
Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR = 6,55957 MCF fixéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Monegassesche Frang – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ monaco. aes.iupui.edu Archivéiert de 25.07.2011. Gekuckt den 21.07.2025.

