Mont Marie (Aansebuerg)

Vu Wikipedia
De Mont Marie

De Mont Marie läit am Hank beim Schlass Aansebuerg, an der Gemeng Helperknapp.

E krut säin Numm duerch eng Kapell, déi do 1678 vun der Marie-Anne Bidart baue gelooss a scho 1687 vergréissert gouf. Si war d'Duechter an Ierwin vum Schmelzhär vun der Simmer- an der Aansebuerger Schmelz, dem Thomas Bidart. Bei der Kapell war eng Schoul fir déi aarm Kanner aus der Géigend, déi vu 1688 bis 1844 a Betrib war.[1]

D'Marie-Anne Bidart gouf 1711 an der Kapell begruewen. No hirem Doud goufen am Joer 1761 di zwéi Tierm an de barocken Agang mat der monumentaler Trap gebaut vun där aus e Wee bis an d'Schlass féiert.[2]

Um Fouss vun der Trap ass en aalt Kaplounshaus vu 1731, dat och als Schoul gebraucht gi war.

Kapell, al Schoul, Trap a Kaplounshaus sinn zanter dem 22. Juni 2000 als Nationaalt Monument klasséiert.[3]

Op enger Pressekonferenz am Juni 2019 hunn d'Administrateure vum Kierchefong bekannt ginn datt d'Kapell um Mont Marie entweit gouf.[4]

Muttergottes zur Eech[änneren | Quelltext änneren]

D'Familljegeschicht vun de Grofe vun Aansebuerg erzielt, datt enges Dag den Här vun Aansebuerg op sengem Spadséiergank um Bierg vis-à-vis vun hirem Schlass, dem haitege Mont Marie, bei enger décker Eech e klengt Muttergottesbild fonnt huet. No engem Gebiet huet hien d'Bild vum Bam erofgeholl an nach de selwechten Dag an d'Parkierch vun Téinten bruecht, wou de Paschtouer dem Bild eng wierdeg Plaz zougewisen huet.

Den anere Moien huet de Paschtouer voller Schrecke festgestallt, datt d'Bild verschwonne war. Mä gläich drop koum e Mataarbechter vum Här vun Aansebuerg, datt een d'Bild virun e puer Stonnen nees beim selwechte Bam wéi den Dag virdru fonnt huet, ouni awer ze wëssen, wéi et dohi koum. Dëst huet sech den zweeten an den drëtten Dag erëm widderholl, an dat trotz alle Sécherheetsmoossnamen an der Kierch.

Dofir gouf dat als e Wonsch vum Härgott verstanen, datt d'Muttergottesbild um Mont Marie veréiert gi soll. Doropshin ass de Bierg der Muttergottes geweit ginn. Och gouf eng Kapell opgeriicht.

Bis zur franzéischer Revolutioun war all Joer um Fest vu Maria Gebuert eng grouss Pressessioun vun der Kapell um Mont Marie erof an d'Schlasskapell. Duerno ass d'Pressessioun an och d'Veréierung vun der Muttergottes zur Eech ageschlof an a Vergiessenheet geroden, bis de Paschtouer Joël Santer am Joer 2013 déi al Traditioun mat enger Liichterpressessioun erëm opgegraff huet.[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mont Marie (Aansebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Grand-Château d'Amsebourg - Plus de details sur l'histoire... op gcansembourg.eu.
  2. Mont-Marie - ein barockes Kleinod im Eischtal op Wort.lu
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  4. Video op youtube
  5. Luxemburger Wort Nr. 207 vum 5. September 2013, S. 16: Heilige Maria, Patronin zur Eiche, bitte für uns