Mont Saint-Quentin (Moselle)

Vu Wikipedia
Ban-Saint-Martin mat hannendrun de Mont Saint-Quentin

De Mont Saint-Quentin ass eng 358 Meter héich Kopp am Südweste vu Metz um lénksen Uwänner vun der Musel. Se läit um Territoire vun de Gemenge Scy-Chazelles, Le Ban-Saint-Martin, Longeville-lès-Metz, Plappeville a Lessy.

Well op der Kopp en ettlech Festungen, wéi de Fort Diou, de Fort Giradin an de Fort de Plappeville sinn, war en eng laang Zäit Militärterrain, an zanter 1994 ass et deelweis en Naturresevat. Zanter 2005 sinn Aarbechten am Gaang fir d'Plaz ofzesécheren an als Spadséierzentrum z'amenagéieren, an eng Mise en valeur vum nationale militäresche Patrimoine ze maachen.

D'Kopp ass haaptsächlech bekannt well do dat eenzegt Exemplar vun de sougenannte Bimarcktierm a Frankräich steet, a wéinst der befestegter Kierch Saint-Quentin vu Scy-Chazelles um Südhank vun der Kopp an där de Robert Schuman begruewen ass.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]