Montbrison (Loire)
| Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
Paart vun der Caserne de Vaux | |||||
| Land | |||||
| Regioun | Auvergne-Rhône-Alpes | ||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Montbrison | ||||
| Kanton | Montbrison | ||||
| Postcode | 42600 | ||||
| Gemengecode | 42147 | ||||
| Koordinaten | 45° 36’ 30’’ N 04° 03’ 57’’ O | ||||
| Fläch | 1 633 ha | ||||
| Bevëlkerung | 16 098 (2022) | ||||
Montbrison ass eng franséisch Gemeng am Departement Loire an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Montbrison läit ongeféier an der Mëtt vum Departement an der natierlecher Géigend Forez, am Nordoste vum Massif central. Duerch d'Gemeng leeft de Vizézy en Niewefloss vun der Loire
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Montbrison war wärend e puer Joerhonnerten d'Haaptstad vun der Grofschaft Forez. Am 13. an am 14. Joerhonnert hu sech do de Grof Guy IV. an de Jean I. besonnesch ervirgedoen. Si hunn ënner anerem d'Collégiale Notre-Dame-d'Espérance an den Diana-Sall baue gelooss. Am 16. Joerhonnert huet de François I. d'Grofschaft un d'Kinnekräich ugeschloss, soudatt Montbrison dunn nach just d'Haaptstad vun engem Bailliage war. Vu 1795 un, war et du bis 1856, wéi Saint-Étienne déi Roll iwwerholl huet, d'Prefecture vum Departement Loire.
