Montes Recti

Vu Wikipedia

Montes Recti (lat.: „Riicht Biergketten“) ass e Biergzuch op der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. 1961 kruten dës Bierger hiren Numm vun der Internationaler Astronomescher Unioun. De Biergzuch läit ganz nërdlech am Mare Imbrium, bei 48° N an 20° W, hien ass ronn, 90 Kilometer laang a bis zu 1800 Meter héich.

An ëstlecher Noperschaft kuckt d'Bierggrupp Montes Teneriffe aus der Marefläch eraus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]