Monument 385th Bomb Group
Ausgesinn
|
Monument vum 385. Bomb Group zu Pärel | |
| Typ | Krichsmonument |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Rammerech |
| Plaz | Pärel |
| Koordinaten | 49°48'33,5722"N, 5°45'54,0511"O |
| Ageweit | 21. Juni 1998 |
| Zu Éiere vun |
550th Strategic Missile Squadron, 551st Strategic Missile Squadron |
|
| |

D'Monument 385th Bomb Group zu Pärel ass e Krichsmonument fir un zwou Fligerbesatzungen z'erënneren déi an der Géigend vu Pärel an der Zäit vum Zweete Weltkrich ëm d'Liewe koumen.
Den 12. Juli 1944 waren zwou B-17 Flying Fortress tëscht Pärel a Wolwen zesummegestouss an erofgefall. Et waren d'B-17 G N° 42-102606 vun der 550. Schwadroun an d'B-17 G N° 42-31917 vun der 551. Schwadroun vun der USAAF.
Vun den 20 Mann u Bord vun den zwou Maschinnen hunn der 2 iwwerlieft.
