Monument aux morts du maquis des Manises

Vu Wikipedia
D'Monument um Malgré-Tout

De Monument aux morts du maquis des Manises ass e Monument an der klenger Ardennestad Revin um hallwe Wee fir op d'Kopp Malgré-Tout.

D'Monument, dat aus dem Atelier vum Sculpteur Louis Henri ass, gouf 1948 opgeriicht fir un d'Affer vun 106 Maquisarden aus dem Maquis des Manises z'erënneren, déi do den 13. Juni 1944 vun den SS ëmbruecht gi waren.

D'Monument ass zwielef Meter laang a sechs Meter héich. Et gouf de 27. Juni 1948 a Presenz vum President vun der Republik Vincent Auriol a vum François Mitterrand, déi Zäit Minister vun den Anciens Combattants, ageweit.