Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (S)

Vu Wikipedia

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.

1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Monument aux morts Nieft der Kierch Saassel
Monument aux morts Nieft der Kierch Sandweiler
D'Monument fir d'5th U.S. Armored Division zu Sandweiler Um Kapellebierg Sandweiler 1994 49° 37’ 02.31’’ N
      06° 12’ 49.03’’ O
Monument fir den Hans Adam Square Hans Adam Schëffleng
4 Stolpersteine 3 op Nr. 37, avenue de la Libération; 1 op Nr. 5, rue Belair[1] Schëffleng 23. Abr. 2021
Morts pour la Patrie Beim Wee fir an d'Kierch Schengen 49° 28’ 13.3’’ N
      06° 21’ 50.6’’ O
Monument aux Morts Plaz bei der Kräizung vu Wäistrooss a Seckerbaach Schengen 49° 28’ 33.4’’ N
      06° 21’ 56.5’’ O
1940 Pro Patria 1944
Nimm a Liewensdate vu 27 Affer
Kapellchen an der Schëtter Kierch Schëtter 49° 37’ 26.75’’ N
      06° 16’ 07.02’’ O
Stèle du Souvenir
Fir d'Affer vum Nazi-Terror (dräisproocheg)
Place de l'Église, bei der Märei Schëtter 1995 49° 37’ 24.8’’ N
      06° 16’ 05.06’’ O
Monument aux Morts:
La Paroisse à la Pieuse
Mémoire de ses Morts
1940-1945
Nieft dem Agank vun der Kierch Schlënnermanescht 1962 49° 55’ 58.0’’ N
      06° 03’ 44.5’’ O
Zwangsrekrutéierten-Erënnerungsplack Beim Fräiheetsbam Schuller 49° 55’ 58.0’’ N
      06° 03’ 44.5’’ O
Monument aux Morts:
A NOS MORTS
1940-1945

(Wierk vum Foni Thissen)
Virun der Spillschoul, rue des Écoles Schuller 1968 49° 34’ 57.2’’ N
      05° 57’ 34.7’’ O
Erënnerungsplack un de J.P. Wiltzius (1881-1942), mort en déportation. Op engem Weekräiz op der Haaptstrooss Schwéidsbeng 1952 49° 34’ 56.35’’ N
      05° 57’ 21.67’’ O
Monument aux morts:
Gestuerwen fir d'Hemecht 1940-1945 + 3 Nimm
Nieft dem Kierfecht Selschent 50° 01’ 02.0’’ N
      05° 56’ 49.5’’ O
Erënnerungsplack ënner enger Jesus-Statu:
Morts pour la patrie + 4 Nimm
Nieft der Kierch Selschent 50° 01’ 02.4’’ N
      05° 56’ 50.9’’ O
Monument aux morts Nieft der Märei Simmer 49° 41’ 58.42’’ N
      05° 57’ 50.92’’ O
Erënnerungsplack Op der Kierchtuermsmauer Sir 49° 54’ 07.94’’ N
      05° 46’ 42.34’’ O
Erënnerungsplack fir déi 16 amerikanesch Jonge vum 357. Infanterie-Regiment (90. Infanterie-Divisioun - Tough 'Ombres), déi den 11. Januar 1945 zu Soller an der Ardennenoffensiv gefall sinn Baussen op der Kierfechtsmauer Soller Oktober 2015 49° 57’ 50.54’’ N
      05° 49’ 31.47’’ O
Monument aux Morts:
Victimes de la guerre 1940-1945 + 3 Nimm
Bei der Kierch Steenem 49° 49’ 08.47’’ N
      06° 28’ 42.15’’ O
Monument aux Morts (Skulptur vum Lucien Wercollier)
Gestuerwen fir d'Hemecht 1940 Stesel Möllereff 1944
Mat den Nimm vu 14 Affer op zwou Placken
Widder der Kierch Steesel 49° 40’ 36.08’’ N
      06° 07’ 25.29’’ O
Erënnerungsplack 36, route de Luxembourg
Erënnerung un de Gendaarm Eugène Glodt deen den 21. Abrëll 1943 op dëser Plaz erschoss gouf.
Stengefort 1993
Zwou Erënnerungsplacken:
- Steinfort à ses enfants
morts pour la patrie 1940-1945

- George S. Patton Jr. - 3rd US Army
Beim Gemengenhaus Stengefort 49° 39’ 35.2’’ N
      05° 54’ 50.1’’ O
Monument 5th US Armored Division Nieft der Bréck vu Stolzebuerg
Erënnerung un déi éischt alliéiert Zaldoten déi do den 11. September 1944
als éischt iwwer Stolzber Bréck an Däitschland amarschéiert sinn.
Stolzebuerg 49° 57’ 47.17’’ N
      06° 10’ 11.38’’ O
Monument aux morts Nieft der Kierch Stroossen 1949
US-Monument Stuppecht

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.
  1.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg#Esch-Uelzecht.