Mooschterbaach

Vu Wikipedia
D'Mooschterbaach um Flouer Blobich

D'Mooschterbaach ass eng kleng Baach am Éislek déi hire Laf praktesch ganz um Flouer vun der Uertschaft Réngel huet. Op ongeféier 500 Meter mécht se d'Grenz tëscht de Gemengen Heischent a Buerschent.

D'Mooschterbaach huet hir Quell südlech vu Réngel op enger Héicht vu 465 Meter um Fouer Tulleweier. Si leeft vun do aus no Norde bis op de Flouer Blobich vu wou aus se dann no Nordoste leeft.

No engem Laf vu ronn 2.250 Meter leeft se op enger Héicht vun 275 Meter an d'Rannerbaach, an da mat där weider an d'Sauer