Mosfellsbær

Vu Wikipedia
Mosfellsbær
Land Island
Regioun: Höfuðborgarsvæði
Koordinaten: 64°10′N 21°42′W
Fläch: 185 km²
Awunner: 8.147 (2007)
Bevëlkerungsdicht: 41,0 / km²
Héicht: 0 m
Buergermeeschter: Ragnheiður Ríkharðsdóttir

Mosfellsbær ass eng islännesch Gemeng mat 8.147 Awunner an der Regioun Höfuðborgarsvæði. Mosfellsbær läit am Norde vu Reykjavík.

D'Stad Mosfellsbær

Mosfellsbær, an der Géigend Mosó genannt, heescht iwwersat D'Stad vum Moos, well et gëtt do nëmme Moos, awer keng Beem. An Island gëtt et keng natierlech Bëscher oder Beem. D'Bierger bei Mosfellsbær si bewuess mat Moos. An der Regioun Höfuðborgarsvæði gëtt et dräi héich Bierger, Úlfarsfell, Esjan, a Mosfell.

Waarmwaasserquellen[änneren | Quelltext änneren]

Aus iwwer 100 Waarmwaasserquelle gëtt vu Mosfellsbær aus Waasser an d'Haaptstad gepompelt.

De Fluchhafen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt e Fluchhafen zu Mosfellsbær, deen Tungubakka heescht. D'Fluchpist ass Wues. Et gëtt e Fligerclub do deen eng Rei Fligeren huet, aler an neier. All Joer ass beim Fluchhafen e grousst Fest mat Ausstellung vun de Sportsfliger, dat Silver Jódel heescht. Dann ass och e Concours, wien am beschte lande kann.

Vue op Mosfellsbær

Bekannt Leit vu Mosó[änneren | Quelltext änneren]

Den Halldór Kiljan Laxness (1902-1998), en islännesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier an der Literatur vun 1955, hat eng Farm zu Mosfellsbær.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mosfellsbær – Biller, Videoen oder Audiodateien