Op den Inhalt sprangen

Mospigelung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Schematesch Duerstellung vun enger Mospigelung. D'Fotoe weisen de Wutz vun engem Duodenoskopie, enger Zort Endoskop.

Eng Mospigelung oder Gastroskopie ass e medezineschen Agrëff, bei deem en dënne, flexibele Schlauch mat enger Kamera an enger Luucht (de Gastroskop, e spezialiséierten Endoskop), duerch de Mond an d'Speiseröre, de Mo an en Deel vum Zwieleffangerdaarm agefouert gëtt.[1]

Deen Agrëff déngt dozou, Entzündungen, Schwieren, Tumoren oder aner Verännerunge vun der Schläimhaut ze erkennen. E gëtt meeschtens ambulant duerchgefouert, an der Reegel bleift de Gastroskop nëmmen tëscht 5 an 10 Minutten am Kierper.[2][3] Virun der Mospigelung gëtt d'Strass dacks mat engem Spray behandelt, fir de Wiergreiz ze reduzéieren.[4]

Duerch de Schlauch vum Gastroskop kann den Dokter och eng kleng Zaang an de Kierper vum Patient aféieren, fir eng Tissusprouf ze huelen; dat deet net wéi. Duerch dee Schlauch kënnen och Loft a Flëssegkeeten ofgesaugt ginn. Am Fall vu Bluddungen oder bestëmmte Krankheete kann den Dokter mathëllef vum Gastroskop och direkt intervenéieren a behandelen.[1]

Virum Agrëff däerf de Patient op d'mannst aacht Stonne laang näischt iessen an drénken.[4][5]

No der Ënnersichung kann et zu liichten Nieweneffekter kommen, wéi Halswéi, déi meescht awer séier verschwannen.[4]

 Commons: Mospigelung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (de) Institut für Qualität und Wirtschaftlichkeit im Gesundheitswesen (IQWiG), Was passiert bei einer Magenspiegelung (Gastroskopie)?. gesundheitsinformation.de (3. September 2025). Gekuckt den 20. Mäerz 2026.
  2. (de) Dr. Jochen Maul, Magenspiegelung: Vorbereitung und Ablauf einer Gastroskopie. ndr.de (10. Januar 2025). Gekuckt den 21. Mäerz 2026.
  3. (de) Vorbereitung Magenspiegelung (Gastroskopie). gastroenterologie-goch.de. Gekuckt den 21. Mäerz 2026.
  4. 1 2 3 (de) Sebastian Fiebiger Sebastian Fiebiger, Magenspiegelung: Vorbereitung, Ablauf, Dauer und Risiken. Medizin+ (28. September 2025). Gekuckt den 20. Mäerz 2026.
  5. (de) Magenspiegelung: Was passiert bei einer Gastroskopie?. aok.de (21. August 2023). Gekuckt den 20. Mäerz 2026.