Moundrover

Vu Wikipedia
De Lunochod 1

E Moundrover ass an der Raumfaart e fuerbare Roboter bezeechent, deen automatesch oder ferngesteiert Fotoen an Ënnersich vun der Mounduewerfläch maache kann. Och de (manuell gesteierte) "Moundauto" vun den Apollo-Astronauten 1971/72 gouf Rover genannt.

Déi éischt Moundrovere waren d'Lunochod 1 an 2 vun der Sowjetunioun. D'Gefierer koumen an de Joren 1970/71 an 1973 an den Asaz. D'Gefierer mat 8 Rieder ware fir dräi Méint virgesinn, hunn awer eelef respektiv véier Méint laang funktionéiert. Si hate ganz vill Panorama- an Dausende vun Televisiounsbiller iwwerdroen. Si haten och Moundgestengs an eenzel geologesch Formatiounen ënnersicht.

D'USA hu bis elo keng ferngesteiert Moundroboteren agesat, mä änlecher fir déi bemannt Raumfaart. Dee fir zwéin Astronaute konstruéierte Lunar Roving Vehicle gouf 1971 an 1972 bei den Apollo-Missiounen 15, 16 a 17 agesat fir den Aktiounsradius ze vergréisseren an d'Sécherheet vun de Moundfuerer a vun hirer Ausrëschtung z'erhéijen.

D'Volleksrepublik China huet 2013 de Rover Yutu u Bord vun der Raumsond Chang'e-3 op de Mound bruecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie