Mount Wilson-Observatoire

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mount-Wilson-Observatoire)
Den Hooker-Spigel am Mount Wilson-Observatoire

De Mount Wilson-Observatoire ass mat engem Alter vun 100 Joer ee vun den eelsten an erfollegräichsten Observatoiren op der Äerd. E steet um Mount Wilson an de San Gabriel Mountains a Kalifornien, USA nordëstlech vu Los Angeles.

Den Observatoire gouf am Dezember 1904 vum George Ellery Hale gegrënnt. Am Ufank war ee als ee wëssenschaftlecht Konzept vun der Carnegie Institution of Washington geplangt. Den Hale huet d'Snow Solar Telescope vum Yerkes-Observatoire am Süd-Wisconsin an dat sonnegt a wiederkonstant Gebitt vum Mount Wilson bruecht, fir säi Studium iwwer d'Sonn weiderzeféieren.

Den Hale huet mat enger klenger Grupp vu Yerkes Wëssenschaftler an Ingenieuren déi hie begleet hunn, ugefaangen. An de follgende Joren ass d'Observatoire zu engem vun deene beschten astronomesche Fuerschungsariichtunge vun der Äerd ginn. Wärend der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert war d'Observatoire hannereneen d'Standplaz mat den zwéi gréissten Teleskope vun der Äerd, souwéi zwou vun de leeschtungsfäegsten Ariichtunge fir de Studium vun der Sonn.

Duerch déi 1,54-Meter- an 2,54-Meter-Teleskope (och Hooker-Spigel genannt) fir d'Observatioun vum Nuetshimmel, souwéi den 18,3 an 45,7 Meter héije Sonnentuermteleskopen, gelénge verschidden Entdeckungen an Nowäiser:

  • den Nowäis, datt d'Sonn net am Zentrum vun der Mëllechstrooss steet
  • d'Distanzbestëmmung vu Galaxien an domat de Beweis, datt nach vill Galaxien baussent der Mëllechstrooss existéieren
  • d'Existenz vum Magnéitfeld vun der Sonn a senger Schlësselroll bei der Sonnenaktivitéit
  • d'Beweegungsrichtunge vun de Galaxien, déi op den Urspronk vum Urknall hiweisen
  • d'Existenz vu ville Stäre vu verschiddenen Altersklassen an eiser Galaxis

An deem Observatoire gouf och d'Stäreninterferometrie entwéckelt mat där den Albert Abraham Michelson ëm 1920 den Duerchmiesser vu Roude Rise gemooss huet.

Dat 2,54-Meter-Teleskop, wat zanter 1917 um Mount Wilson steet, huet vun 1985 bis 1992 wéinst engem ze klenge Budget net geschafft.

Den Observatoire kann, ofhängeg vum Wieder, dat ganzt Joer besicht ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mount Wilson Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien