Mudvayne

Vu Wikipedia

Mudvayne ass eng US-amerikanesch Band, déi 1996 zu Peoria, Illinois gegrënnt gouf. Hire Genre variéiert tëscht Nu Metal, Industrial Rock an Alternative Rock.

An engem Proufkeller hunn den Chad Gray (Gesank), Matthew McDougt (Batterie), Greg Tibbett (Gittar) an de Shawm Barclay (Bass) d'Band gegrënnt. Si wollte keng hondsgewéinlech Museker sinn, mä si wollten opfalen andeems se sech op hire Concerte vill geschminkt hunn. Domat hu si sech zwar séier e ganze Koup Fans gefaangen, mä si hunn och d'Kritiker opmierksam gemaach. Déi gesinn dat nämlech als iwwerflësseg an oflenkend un.

1997 hu si hir éischt EP opgeholl, déi awer nëmmen an exklusive Butteker an op de Concerte selwer verkaaft goufen. Domat hate si awer e groussen Erfolleg, soudatt déi éischt Plackelabelen och schonn op déi jonk Band opmierksam goufen.

Ee Joer méi spéit huet de Shawn Barclay d'Band verlooss a gouf vum Ryan Martinie ersat. Mat deem neie Bassist gouf d'Quartett nach weider perfektionéiert. 1999 hu si bei Epic Records hiren éischte Plackevertrag ënnerschriwwen. Den éischten Album "L.D. 50" hat onerwaart groussen Erfolleg a gouf iwwer 50.000-mol verkaaft, dobäi koumen nach e Koup Auszeechnungen.

2001 koume si dann endlech als Virband vu Slipknot op Tournée an Europa, wou si eigentlech scho ganz waren. Dofir maache si net méi laang mat Slipknot weider, mä si ginn eleng op Tournée. Besonnesch an England si se gär gesinn, hir Concerte sinn dacks ausverkaaft.

Ee Joer méi spéit produzéiere si mam selwechte Label en zweeten Album mam Numm "The Beginning of All Things To End". No hirer Tournée entscheede si sech, eng Paus anzeleeën, wat allerdéngs net bäibehale gëtt. Nach am selwechte Joer verëffentleche se hiren 3. Album "The End Of All Things To Come", wat hire gréissten Erfolleg gëtt.

2003 gi si mat Linkin Park a Metallica op eng Tournée, wou si nach vill Fans kënne fir hir Musek begeeschteren.

Duerno hu si awer eng länger Paus ageluecht, bis si 2005 mat dem Album "Lost And Found" souwéi der Videossingle "Happy?" hire Comeback feieren.

Den Chad Gray leet erëm eng Paus an, andeems hie sech op säin Nieweprojet "Hellyeah" konzentréiert. En Album mat dem selwechten Numm kënnt 2007 eraus a Mudvayne gëtt erëm aktiv a bréngen hir Compilation-CD "By The People, For The People", op där och e puer nei Lidder sinn, an d'Butteker.

Hire bis elo leschten Album mam Numm "The New Game" gouf 2008 verëffentlecht.

De 16. Juni 2003 hunn d'Mudvayne am Atelier zu Hollerech gespillt.[1]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • L.D. 50 (2000)
  • The End of All Things to Come (2002)
  • Lost and Found (2005)
  • The New Game (2008)
  • Mudvayne (2009)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mudvayne – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2013-10-15. Gekuckt de(n) 2012-06-24.