Husni Mubarak

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Muhammad Husni Mubarak)
Husni Mubarak
Gebuer 4. Mee 1928
Gestuerwen 25. Februar 2020
Kairo
Nationalitéit Egypten
Educatioun Egyptesch Militärakademie
Aktivitéit Politiker, Pilot, Militär
Partei Nationaldemokratesch Partei, Arabesch Sozialistesch Unioun

De Muhammad Husni Mubarak (arabesch: محمد حسني مبارك), gebuer de 4. Mee 1928 zu Musaliha, an der Provënz al-Minufiyya, a gestuerwen de 25. Februar 2020 zu Kairo, war en egypteschen Offizéier a Politiker. Hie war bal 30 Joer laang Staatspresident vun der Arabescher Republik Egypten, ier en als Folleg vun de Protester vum Arabesche Fréijoer 2010/11, huet missen zerécktrieden.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Mubarak huet seng ganz Schoul- an Héichschoulausbildung bei der egyptescher Arméi gemaach. 1950 gouf e Pilot bei der Loftarméi an Offizéier. 1969 gouf e Chef vum État-major a méi spéit Commandant-en-chef vun der Loftarméi. 1975 gouf e Vizepresident vum Land.

No der Ermuerdung vum President Anwar as-Sadat duerch d'Organisatioun Al-Dschihad gouf de Mubarak de 14. Oktober 1981 zum Staats- a Ministerpresident vun Egypten ernannt. Den Ausnamzoustand, deen deemools ausgeruff gi war, huet hien déi ganz Zäit, wou en un der Spëtzt vum Land war, weider gëlle gelooss.

Hien huet wärend senger Regierungszäit Egypten nees an d'Arabesch Liga bruecht, ma och de méi konziliante Cours vis-à-vis vun Israel weidergefouert. Seng Muecht huet hien op d'"Dschil Uktubar" baséiert, enger Clique vu Militär, déi sech als Garant vun der nationaler Identitéit, der Onofhängegkeet an der Stabilitéit verstanen hunn. De Mubarak huet et laang fäerdegbruecht, e gewëssent Gläichgewiicht tëscht deene verschiddenen ideologeschen a soziale Stréimungen z'erhalen an domat säin autokratesche Regime ze stabiliséieren. Hien huet grad genuch "Demokratie" a "Pluralismus" duerchgelooss, wéi et extreeme Gruppéierungen zum Schued an den alliéierte Länner, virop den USA, zum Gefale war, an et him gedéngt huet. Sou huet hien z. B. 2005, wéi d'Onzefriddenheet am Land méi grouss gouf, eng éischt Kéier Presidentschaftswalen zougelooss, déi awer, manipuléiert an och boykottéiert goufen, mam Resultat, datt de Mubarack ewell "gewielt" war.

Am Februar 2011 gouf en duerch d'Revolutioun an Egypten gestierzt.

E Geriicht huet hien ufanks Juni 2012 fir den Doud vun Honnerten Demonstranten fir schëlleg gesprach an en zu liewenslänglechem Prisong verurteelt.[1] Am August 2013 huet e Strofgeriicht den Uerder ginn, hien aus der Haft z'entloossen.

Et gëtt ugeholl, datt d'Famill Mubarak Milliarden u Verméigen unheefe konnt (De Guardian schwätzt an engem Artikel vu bis zu 70 Milliarden Dollar[2]) virun allem duerch Verstaatlechungen, déi ënner dem Wäert u Firme goungen, déi der Famill iwwer Stréimänner gehéiert hunn[3], sou wéi och iwwer Insiderhandel mat Staatsobligatiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hosni Mubarak – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Woker, Martin: "Folgenschweres Urteil am Nil." nzz.ch, 3. Juni 2012.
  2. Mubarak family fortune could reach $70bn, say experts: The Guardian
  3. DAPD: Mubarak soll reicher als Bill Gates sein, 14. Februar 2011