Musée des arts et métiers
![]() |
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. Grond: Sprooch, onprezis Situatiounsbreschreiwung vun der Filal. Wou goufen d'Renovatioune gemaach? |
![]() | |
Land | Frankräich |
---|---|
Gemeng | 3. Arrondissement |
Strooss | rue Saint-Martin |
Koordinaten | 48°51'58"N, 2°21'19"O |
Datum vum Bau | 1794 |
Genannt no | Conservatoire national des arts et métiers |
![]() |
De Musée des arts et métiers ass e Musée zu Paräis, deen d'Kollektioune vum Conservatoire national des arts et métiers ënthält, deen 1794 als Depot fir wëssenschaftlech Apparater an Entdeckungen gegrënnt gouf.[1]
En ass vun Ufank un am Klouschter vu Saint-Martin-des-Champs an der rue Réaumur am 3. Arrondissement ënnerbruecht. donieft gëtt et eng Filial[Wou?], woubäi grouss Objeten am Klouschter selwer ze gesi sinn. 1990 goufen do gréisser Renovatioune gemaach.[2]
De Musée huet ongeféier 80.000 Objeten a 15.000 Biller a senger Sammlung, mat 40.000 zu Paräis. Dozou gehéieren eng Versioun vum Foucault sengem Pendel, oder dem Louis Blériot säi Fliger Blériot XI, mat deem hien als éischten iwwer den Äermelkanal geflunn ass.[3]
Dëse Musée spillt och a literaresche Wierker eng Roll, wéi an der Schlësselzeen vum Umberto Eco sengem Roman Il pendolo di Foucault.
De Musée ass zougänglech iwwer d'Statioun Arts et Métiers vum Paräisser Metro.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Musée des arts et métiers – Biller, Videoen oder Audiodateien |
![]() |
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis. |