Op den Inhalt sprangen

Musculus biceps brachii

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Muskel am Ueweraarm. Fir fir de Muskel am Been, kuckt wgl. Musculus biceps femoris.
De Bizeps am Kierper vum Mënsch.

Musculus biceps brachii ass déi laténgesch Bezeechnung fir e Muskel am Aarm vum Mënsch, respektiv an der ieweschter oder der viischter Extremitéit vu villen anere Wierbeldéieren. Beim Mënsch gëtt en am alldeegleche Sproochgebrauch just Bizeps genannt. Et gëtt awer nach e weidere Muskel mat engem änlechen Numm am Been – de Musculus biceps femoris.

Beschreiwung a Funktioun

[änneren | Quelltext änneren]

De Bizeps ass wuel ee vun de bekanntste Muskelen am mënschleche Kierper, well seng Beweegung ënnert der Haut däitlech siichtbar ass. En huet zwee Muskelkäpp, de Caput longum an de Caput breve. Beim Mënsch entsprange si op ënnerschiddleche Plaze vum Schëllerblat. E geet um Ielebou op en Enn.

Seng Haaptfunktioun ass et, den Ielebou ze béien, wouduerch den Ënneraarm bei d'Schëller gefouert gëtt. De Bizeps hëlleft och, d'Handfläch ze dréinen an den Aarm no vir ze hiewen.[1]

Bei den Déieren op véier Patten ass de Musculus biceps brachii fir d'Béie vum Ielebou vun de viischte Bee responsabel.[2] Bei de Vullen iwwerhëlt de Biceps brachii eng aner Roll wéi beim Mënsch, well hir Flilleken anescht opgebaut si wéi d'Äerm. En hëlleft, d'Ielebougelenk ze béien an de Flillek wärend dem Fluch ze stabiliséieren.[3]

 Commons: Musculus biceps brachii – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Musculus biceps brachii. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 3. August 2025.
  2. (de) Musculus biceps brachii (Veterinärmedizin). DocCheck Flexikon. Gekuckt den 3. August 2025.
  3. Biewener, Andrew A. “Muscle Function in Avian Flight: Achieving Power and Control.” Philosophical Transactions: Biological Sciences, vol. 366, no. 1570, 2011, pp. 1496–506. JSTOR, http://www.jstor.org/stable/23035555. Accessed 3 Aug. 2025.