Musek

Vu Wikipedia
De Chouer vum Stater Conservatoire begleet vun Instrumenter

Musek, vum algriichesche μουσικὴ [τέχνη] mousikē [technē]musesch [Konscht]“, iwwer dat laténgescht musica, ass dee Konschtgenre, dee sech mat Téin ofgëtt.

D'Téin ginn an enger Aart a Weis zesummegesat, déi d'Leit gär hunn oder interessant fannen. Déi meescht Musek gëtt vu Leit gemaach déi mat hire Stëmme sangen oder Museksinstrumenter spillen, wéi Piano, Gittar oder Tromm.

Musekalesch Téin sinn organiséiert duerch Rhythmus, Melodie oder Harmonie:

  • De Rhythmus ass d'Aart wéi Téin a Stëll an enger Sequenz zesummegestallt ginn. All Weis huet e Rhythmus dee geklappt ka ginn.
  • Eng Melodie ass eng Grupp vun Nouten a verschiddenen Tounhéichten, déi eng no där anerer gespillt ginn. Zesummen ergi s'eng Weis.
  • Harmonie dogéint mengt Nouten déi zur selwechter Zäit gespillt ginn, wéi Akkorden.

Et gëtt hautdesdaags eng Abberzuel vu Museksgenren: klassesch Musek mat Orchester, Volleksmusek, Pop, Rock, Heavy Metal, Blues, Jazz, Rap, Dance, Techno, fir nëmmen déi ze nennen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nobildung vun uraler Flütt

Déi fréist bekannt Instrumenter, déi extra fir Musek ze maachen, fabrizéiert goufen, si Schankeflütten déi ongeféier 35.000-41.000 Joer al sinn, an op der Schwäbescher Alb fonnt goufen. Déi meescht Anthropologen an Evolutiounspsychologe si sech awer eens, datt d'Musek scho laang virdrun zum Alldag vun de Mënsche gehéiert huet.

Firwat de Mënsch am Laf vu senger Entwécklung iergendwa musekalesch Fäegkeete krut, ass dogéint nach net vun der Wëssenschaft gekläert. Vläicht duerch d'Imitéiere vu Vullestëmmen oder vun aneren Téin déi an der Natur virkommen.

D'Musek gouf als en Deel vu kulteschen Zeremonien a Ritte benotzt, mä och einfach als Ënnerhalung well et flott ass a gefält.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Musek – Biller, Videoen oder Audiodateien