Musekspräis

Vu Wikipedia
De koreanesche Rapper Psy hält seng Präisstatu vum Musekspräis MTV Video Music Award 2012.

E Musekspräis ass eng Auszeechnung, déi fir Kompetenzen oder eng Distinctioun an der Musek verdeelt gëtt. En kann zum Beispill u Komponisten, Museksproduzenten, Museker a Sänger goen.

Et gëtt vill ënnerschiddlech Musekspräisser fir verschidde Museksgenren. Esou ginn et zum Beispill Musekspräisser fir klassesch Musek, fir Popmusek a fir Jazzmusek.

E Musekspräis kann akadeemesch oder kommerziell sinn, dat heescht vun der Museksindustrie etabléiert. D'Gewënner vun engem Musekspräis kënne vun enger Jury oder vum Public ausgewielt ginn. Bei anere Musekspräisser zielen nëmmen d'Verkafszuelen. Aner Musekspräisser ginn un d'Gewënner vun engem Museks- oder Gesangsconcours. E Musekspräis ka mat engem Präisgeld dotéiert sinn.

Fir déi méi bedeitend Präisser gëtt et meeschtens eng Nominéierungsprozedur, wärend Nowuesspräisser, déi nei oder jonk Kënschtler fërderen, meeschtens eng Bewerbung viraussetzen.

D'Lëtzebuerger Musekspräisser ginn zanter 2022 vum Kulturministère all Joer verginn. Zu anere Musekspräisser, déi et scho virdru gouf, zielen de Prix Norbert-Stelmes an déi kuerzlieweg Präisser Grand Prix RTL International (1969-1972) an Elie Music Awards (2007).

An den USA zielen d'Grammy Awards zu de bedeitendste Musekspräisser; a Frankräich sinn dat d'Victoires de la musique. Den däitschen Echo gouf 2018 no Kontroversen ëm d'Nominatiounen ofgeschaaft.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]