Music for 18 Musicians

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Music for 18 Musicians ass ee minimalistescht musikalescht Wierk, dat vum Steve Reich an der Period vum Mee 1974 bis den Abrëll 1976 fir een Ensembel vun 18 Museker geschriwwe gouf. Et gëllt als ee vun de Meeschterwierker vum Reich an als essentiellt Wierk vun der zäitgenëssescher klassescher Musek. D'Uropféierung war de 24. Abrëll 1976 an der Town Hall zu New York. D'Stéck ass geschriwwe fir een Cello, eng Gei, zwou Klarinetten (béid Museker spillen och Bassklarinett), véier Pianoen, dräi Marimbaen, zwee Xylophonen, e Metallophon a véier weiblech Stëmmen.