Näerden

Vu Wikipedia
Näerden
D'Kierch vun Näerden mam Duerf am Hannergrond
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Noerdange
de: Nördingen/Noerdingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Biekerech
Buergermeeschter Thierry Lagoda
Awunner 599[1]
  30.09.2021
Héicht 278 m
Koordinaten 49° 44’ 30’’ N
      05° 55’ 25’’ O
Den alen Diks zu Näerden op der Kräizung vun de Vëlospisten PC12 a PC17

Näerden ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech am Kanton Réiden.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Näerden läit am Dall vun der Näerdener Baach och Wobech genannt op enger Héicht vun 270 m.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Dierfer mat der Endung '-ingen' stamen aus der fränkescher Zäit, also aus dem 6. Joerhonnert. D'Iwwerreschter vun enger aler Réimervilla tëscht Näerden a Rippweiler beleeën awer datt scho méi fréi Leit an deem Streech gewunnt hunn.[2] Den Numm Näerden geet mat grousser Warscheinlechkeet op den aldäitsche Persounenumm Nordo zeréck[3]

No de Schrëftstécker gëtt Näerden 1245 ënner dem Numm Nurdingen oder Nerdingen[4] fir d'éischt genannt.

Am 13. Joerhonnert ass d'Existenz vun enger Millen am Duerf schrëftlech beluecht.

Aus engem Dokument vun 1317 geet ervir, datt Näerden ënnert enger ganzer Rei Härschaften a Kléischter opgeelt ass. D'Abtei vu Clairefontaine hat d'Grondhärschaft an hat och eleng d'Geriichtsbarkeet, se war just dem Areler Propsteigeriicht ënnerstallt.

Näerden huet am 14. Joerhonnert zur Par Biekerech, zum Dekanat Miersch an zum Äerzbistum Tréier gehéiert. D'Patronatsrecht hat d'Märjendaller Klouschter. D'Geeschtlech aus dëser Abtei hate Recht op de groussen Zéngten (Feldfriichten), iwwerdeems den Här vun Useldeng Usproch op de klengen Zéngten hat (Friichten aus dem Gaart).[5]

Ëm 1570 geet rieds vun enger Kapell zu Näerden. Se hat 1 Altor a war dem Hellegen Dionysius (Denis) geweit.[6]

1656, als Suite vu Joerzéngte laange Kricher a vun der Peschtepedimie vu 1636, gëtt et zu Näerden just nach 6 Stéit, déi deels ganz héich verschëld sinn. 1658 schéngt d'Duerf zäitweis ganz verlooss ze sinn.[7]

Den 23. Januar 1675, zur Zäit vum Hollännesche Krich, gëtt Näerden vun Truppe vum Louis XIV. vu Frankräich iwwerfall an ofgebrannt.

1747 hunn d'Awunner vun Näerden an der Bannmillen zu Biekerech misse muele loossen.

1765 gouf et Sträit mat dem Märjendaller Klouschter, well d'Awunner aus der Par Biekerech refuséiert hu fir bei Reparatiounsaarbechte vun hirer Parkierch matzehëllefen.

1775 gëtt déi al Kapell, déi warscheinlech baufälleg war, ofgerappt an op der nämmlechter Plaz eng nei, méi grouss mat 3 Altär opgeriicht.

1796, zur Zäit vun der Franséischer Revolutioun, gehéiert Näerden zu der nei gegrënnter Gemeng Biekerech an huet 126 Awunner opgedeelt an 13 Stéit[8]

Vun 1809 bis 1878, bis d'Par Nidderpallen an d'Liewe geruff gëtt, gehéiert Näerden zur Par Ielwen. D'Kanner vun Näerden ginn op Ielwen an d'Schoul an an de Reliounsunterrecht.

1822 léisst d'Gemeng Biekerech en éischt Schoulgebai am Duerf opriichten.

1861 huet Näerden 203 Awunner a 26 Stéit, 1878 just nach 184 Awunner an 33 Stéit. Nieft enger Rei Baueren, Handwierker an Doléiner fënnt een 2 Wiertschaften, eng Millen an eng Giewerei. 1900 hunn am Duerf 241 Leit gewunnt.[9]

Um Enn vum 19. Joerhonnert etabléiert sech d'Eisebunn an der Uertschaft. Et goufen 2 Garen:

1928 gëtt am Biekerecher Gemengerot decidéiert, zu Biekerech, Ielwen, Huewel an Näerden eng éischt Waasserleitung ze leeën. Virdrun huet een zu Näerden, bedéngt duerch d'Konsistenz vum Buedem, kee proppert Drénkwaasser fonnt. Am nämmlechte Joer gëtt deen éischte Pompjeescorps vum Duerf an d'Liewe geruff. De 6. Mäerz 1933 gëtt un de Pompjeesveräin eng Fanfare ugegliddert, déi awer 1951 nees opgeléist gëtt.[10]

Virum Krich hat Näerden 220 Awunner an 59 Haiser.

Den 19. Dezember 1944 gouf Näerden als Suite vun der Ardennenoffensiv evakuéiert. Just d'Miliz vun der organiséierter Resistenz ass am Duerf bliwwen, déi eenzeg vun där Zort nërdlech vun der Kräizerbuch, bis den 21. Dezember 1944 d'US Yankee-Divisioun koum.

Als Erënnerung doru koum 1995 eng Plack um Kierfecht zu Näerden, direkt nieft dem Monument aux morts aus dem Joer 1984, dobäi.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument aux morts an US-Monument zu Näerden.

2014 gouf an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Veräiner an der aler Gare vun der Atertlinn e Musée iwwer d'Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg opgeriicht.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Näerden ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Nationalstrooss N24 (Dikrecher Strooss an Areler Strooss) déi vun Dikrech op d'Grenz bei Arel féiert an den CR106, dee vun Ielwen aus, nodeem en eng Ronn 200 m iwwer d'N24 leeft, op Nidderpallen féiert (Schweecherdauler Strooss a Nidderpallener Strooss).

Donieft lafen 2 Vëlospisten duerch Näerden:

Veräinsliewen[änneren | Quelltext änneren]

  • Chorale Ste Cécile Noerdange
  • Nerdener Duerffrënn a.s.b.l.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Diederich, Louis. 60 Joer Pompjéën Näerden 1928-1988, 1988.
  • Ed Federmeyer. Schmalspurbahnen in Luxemburg, 1991
Näerden vum Héibierg (Mee 2013).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Näerden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Population par localité
  2. 150 Joer Kanton Réiden, S.88
  3. E. Förstemann, Altdeutsches Namensbuch Bd I, 1900, S.1169
  4. Fréier Nimm vu Lëtzebuerger Uertschaften Archivéiert op 2016-03-07. Gekuckt de(n) 2013-05-18.
  5. 60 Joer Pompjéën Näerden 1928-1988, Erste schriftliche Beweisstücke, S. 36-37
  6. Un tour d'horizon, Commune de Beckerich, 2011, Broschür iwwer d'Gemeng Biekerech
  7. 60 Joer Pompjéën Näerden, Nördingen im 17. Jahrhundert, S.40-41
  8. 60 Joer Pompjéën Näerden 1928-1988, Die französische Revolution und ihre Folgen, S. 48-51
  9. 60 Joer Pompjéën Näerden, Durch das 19. Jahrhundert, S. 55
  10. 60 Joer Pompjéën Näerden 1928-1988, S. 20-28