NASA Extragalactic Database

Vu Wikipedia

Den NASA Extragalactic Database (NED) ass eng astronomesch Datebank fir Galaxien an aner Objete baussenzeg vun eiser Mëllechstrooss. Den NED gëtt vum Infrared Processing and Analysis Center IPAC vum Jet Propulsion Laboratory um California Institute of Technology bedriwwen a vun der NASA finanzéiert.

Den NED huet eng Lëscht vun (November 2011) 167,5 Milliounen Objeten, fir déi Bezeechnungen aus verschiddene Kataloge mateneen identifizéiert ginn a souwäit wéi méiglech genee Positiounen um Himmel a Routverrécklungen uginn. Den NED huet zum Beispill photometresch Daten a Biller an opteschen an an noen Infrarout, Hiweiser op Publikatiounen déi sech op en Objet bezéien, souwéi hir Zesummefaassungen.

Wärend den NED nëmmen extragalaktesch Objeten opweist, läit de Schwéierpunkt vun der Datebank SIMBAD op Stären an aneren Objeten aus eiser Mëllechstrooss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]