NGC 2440

Vu Wikipedia
NGC 2440 Insektenniwwel
Stärebild Puppis Pup
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 7h 41m 55.36s
Deklinatioun - 18° 12' 30.5"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 9,4 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
10,8 mag mag
Wénkelduerchmiesser 1.32
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 1600 Lj
Routverrécklung +0,000209
Radialvitess +62,7 km/s
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 4. Mäerz 1790
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CS 14.3
GC 1567
h 3095
H 4.64
NGC 2440
ESO 560-PN9
PK 234+2.1

Den NGC 2440, och Insektenniwwel genannt, ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Puppis. Den NGC 2440 huet eng Wénkelausdeenung vu ronn 1,32 Bouminutten an eng Hellegkeet vun 9,4 mag. Säin Zentralstär, e Wäissen Zwerg, ass mat knapps 200.000 K Uewerflächentemperatur dee gliddegste bekannte Stär a liicht am visuelle Liicht mat enger visueller Hellegkeet vu 17,7 mag. Seng absolut Liichtkraaft iwwertrëfft déi vun eiser Sonn ëm dat 250-facht.

Déi vun dësem Zentralstär ausgestousse Gaswolleke weisen zwou verschidde Regiounen, déi warscheinlech a verschiddenen Zäitraim entstane sinn: eng hell bannenzeg Regioun mat zwéi profiléierten Hellegkeetsschwéierpunkten, dofir dee bäileefeg gebrauchten Numm Insekteniwwel, an en däitlech liichtschwaache baussenzege Beräich mat méi enger grousser Ausdeenung. D'Distanz vum NGC 2440 zu eisem Sonnesystem gëtt allgemeng op 1600 Liichtjoer geschat.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De planetareschen Niwwel NGC 2440 gouf de 4. Mäerz 1790 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Visuell Observatioun[änneren | Quelltext änneren]

NGC 2440, opgeholl mat enger ToUcam an engem 10" SCT mat 2,5m Brennwäit

Den NGC 2440 gehéiert zu de visuell helle Planetareschen Niwwelen, grad nach hell genuch, fir en och mat enger normaler Webcam un engem mëttelgroussen Instrument ofzeliichten (Foto riets). D'Opfannen ass zimmlech einfach: Knapps 9° nërdlech ass den 3,9 mag helle Stär α Monocerotis am Monocerus. Op hallwem Wee zum NGC 2440, a genee südlecher Richtung, kënnt ee bal automatesch laanscht e weidere Planetareschen Niwwel, den NGC 2438.

Am Okular vun engem mëttelgroussen Instrument mat 8" Ëffnung weist sech den NGC 2440 bei zirka 260-facher Vergréisserung als klengen, liichtschwaachen, diffusen Niwwel, deem seng Form éischter un ee „Gummibierchen“ erënnert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]