NGC 592

Vu Wikipedia
NGC 592
Den zentralen Deel vun der Galaxie M 33. NGC 592 ass eng kleng hell "Wollek" op der rietser Säit vum galakteschem Zentrum, no un der Kant vun der Foto.
Stärebild Triangulum (Tri)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 01h 33m 12s
Deklinatioun + 30° 39' 00"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 13,0 mag
Wénkelduerchmiesser zirka 0',7 × 0',5
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Lokal Grupp
Distanz (Lj) zirka 3 MLj
zirka 900 kpc
Geschicht
Entdecker Heinrich Louis d'Arrest
Entdeckungsdatum 2. Oktober 1861
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC 592

Den NGC 592 ass en H-II-Gebitt an eng grouss Stärenassociatioun an der Galaxie Messier 33 am Stärebild Triangulum. D'H-II-Regioun läit vun der Äerd aus gesinn ongeféier 9' westlech vum Zentrum vum Messier 33 a besteet aus zwéin helle Kären déi ongeféier 25" auserneeleien, mat schwaachen, ausgedeente Filamentstrukture ronderëm.[1].
Den M33SNR21, deen am Röntgenliicht hellste bekannte Supernovarescht am Messier 33, läit am baussenzege Beräich vum NGC 592[1].

Den Objet gouf am Joer 1861 vum Heinrich Louis d'Arrest entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (en) Gaetz et al.: "Chandra ACIS Survey of M33 (ChASeM33): X-Ray Imaging Spectroscopy of M33SNR21, the Brightest X-Ray Supernova Remnant in M33"; in: The Astrophysical Journal, Vol. 663, Issue 1, S. 234ff. (ADS)