NGC 6240

Vu Wikipedia
NGC 6240
Foto, opgholl vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Ophiuchus (Oph)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 16h 52m 58.97s
Deklinatioun + 02° 24' 01.7"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz I0: pec;
LINER Sy2
Visuell Magnitude 12,8 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
13,8 mag mag
Wénkelduerchmiesser 2,0' × 1,0'
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 13,7 mag
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) zirka 400 Mio.
Routverrécklung (24323 ± 210)  10-6
Radialvitess (+7203 ± 63)
Geschicht
Entdecker É. J.-M. Stephan
Entdeckungsdatum 12. Juli 1871
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 25-11
GC 5833
IC 4625
IRAS 16504+0228
MCG +0-43-4
NGC 6240
PGC 59186
UGC 10592
VV 617
2MASX J16525886+0224035

Den NGC 6240 ass eng irregulär Galaxis am Stärebild Ophiuchus, ongeféier 400 Millioune Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Aussergewéinlech un där Galaxis ass, datt et an hirem Kär zwéi aktiv Schwaarz Lächer gëtt, déi duerch d'Kollisioun vun zwou klenge Galaxien am neie Galaxiëkär entstane sinn.

Déi béid Schwaarz Lächer strale vill Röntgenstralung of a kreesen am Ofstand vun 3.000 Liichtjoer ëmeneen, bis si an en ettlech honnert Millioune Joer matenee verschmëlzen.

Well d'Kollisioun vun de béide Galaxien eréischt ronn 30 Millioune Joer hir ass, weist sech den NGC 6240 als typesch Starburstgalaxis. Wéinst der relativer Duerchléissegkeet vum Stëbs an der Galaxis, fir d'Infraroutliicht vun de jonke Stären ass den NGC 6240 eng ultraliichtkräfteg Infraroutgalaxis (ULIRG), déi gutt mat dem Infrarout-Teleskop Spitzer Infraroutteleskop observéiert ka ginn[1].

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

D'Galaxis NGC 6240 gouf den 12. Juli 1871 vum franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 6240 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2012-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-04.