NORBI
Ausgesinn
| Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| NORBI | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Sëtz | Eschduerf |
| 2, Am Foumichterwee | |
| RCS | F1546 |
|
| |
Norbi ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi Bibliothéiken aus dem Norde vum Land regruppéiert. Se gouf den 23. November 2005 gegrënnt[1] a finanziell vum Kulturministère ënnerstëtzt.
De Veräin gëtt am Handelsregëster als « en procédure de dissolution administrative sans liquidation » gefouert(Stand: Oktober 2025).
Ziler vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]D'Ziler vun Norbi sinn:
- d'Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Member-Bibliothéiken ze fërderen;
- de Lieserinnen a Lieser en interessante kulturelle Programm ronderëm d'Buch unzebidden.
Memberen
[änneren | Quelltext änneren]- Bibliothéik Eschduerf a.s.b.l.[2]
- De Cliärrwer Kanton a.s.b.l.[2] – Tony Bourg-Bibliothéik
- Ettelbrécker Bibliothéik[3] a.s.b.l.[2]
- KultOUReilen a.s.b.l.[2] – Ourdall-Bibliothéik
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Union luxembourgeoise des bibliothèques publiques
- Lëscht vun de Bibliothéiken zu Lëtzebuerg
- Bibliothéikswiesen zu Lëtzebuerg
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Memorial C Nr. 1384 vum 18.7.2006: 66386-66389.
- 1 2 3 4 Grënnungsmember.
- ↑ D'Ettelbrécker Bibliothéik huet eréischt am Januar 2008 hir Dieren opgemach an et ass praktesch näischt um Internet doriwwer ze fannen. Gegrënnt gouf de Veräin 2005 soudatt hie konnt Grënnungsmember vum NORBI ginn. Cf. Memorial Nr. 1399 vum 20.7.2006: 67123-67126.
